SAVE THE DATE AG den 21. MÄERZ 2025 !
Vu Chargéë fir Chargéen, an net iwwert de Kapp vun de Betraffenen ewech, suergt d’ACEN dofir, datt d’Chargéë selwer op den néidege Plazen zu Wuert kommen.
Esou huet d’ACEN schonn 2015 eng Reduktioun vun der Tâche vun de Chargéë mam Educatiounsminister ausgehandelt, a konnt 2018 och eng Unerkennung vun den universitären Diplomer mam Minister vum ëffentlechen Déngscht aushandelen.
D’ACEN ass en unerkannte Verhandlungspartner vun der Politik a vertrëtt als eenzeg Gewerkschaft d’Interessie vun alle Chargéen, egal op Dir am Lycée oder an der Erwuessenebildung schafft.
Wann Dir Member vun der ACEN wëllt ginn, dann iwwerweist w.e.g. de jäerleche Membersbäitrag vu 50 Euro op de folgende Konnt a registréiert iech oder schreift eis e Mail mat Ären Donnéën:
ACEN a.s.b.l. Luxembourg
IBAN: LU30 0019 4355 6742 6000
BIC: BCEELULL
Cotisation annuelle: 50 Euro
Communication: Cotisation 2025 + Numm + Schoul + Mailadress
Nëmmen zesumme si mir staark !