COVID-19

Léif Kolleeginnen a Kolleegen,

 

d’ACEN weist sech besuergt iwwert déi aktuell Entwécklungen opgrond vun der Verbreedung vun der neier Covid19-Variant an eise Schoulen. Vill Enseignanten an och virun allem awer och vill Schüler lafen um Zännfleesch, déi zousätzlech Belaaschtungen duerch d’Pandemie sinn ëmmer méi e grousse Problem, an déi nei Virus-Variant stellt de Schoulalldag nach méi op de Kapp.

 

Mir sinn iwwerzeegt, datt d’Majoritéit vun den Enseignantë säit etleche Méint alles mécht fir de Schoulbetrib um Lafen ze halen, an d’Enseignantë wäerten natierlech och zukünfteg hiren Deel leeschten, fir d’Schoule kënnen opzehalen. Solidaritéit ass an eisen Aen essentiell a Krisenzäiten, dofir huet d’ACEN sech och zu all Moment solidaresch gewisen.

 

Déi mëttel- a laangfristeg Auswierkunge vun der Pandemie op eis Schoule mussen awer vill méi an de Fokus geréckelt ginn. Bei vill ze ville Sujeten gëllt d’Pandemie als Ausried. Aarbechsrechtlech Verstéiss a Problemer sinn awer eben och wärend der Pandemie absolut net ze akzeptéieren. 

 

Wann d’Enseignantë elo kuerzfristeg gefrot ginn nach méi Iwwerstonnen z‘iwwerhuelen, wëll d’ACEN awer och drun erënneren, datt grad d’Chargéë mat hire vill ze héijen Tâchen scho ganz laang de Schoulbetrib um Lafen halen. Mëttelfristeg muss endlech eppes géint den akuten Enseignantsmanktem gemaach ginn.

 

D’Chargéë musse bis zu engem Drëttel méi Stonnen halen ewéi d‘Fonctionnairen. Dat ass als Dauerléisung net méi hinzehuelen. Missten aner Staatsemployéen 50 Stonnen schaffen, wärend d‘Beamten just 40 Stonnen schaffe mussen, wier de Skandal grouss. Bei de Chargéen ass dëst awer batter Realitéit! 

 

Wann eis Memberen also elo nieft hire schonn ze héijen Tâchen nach eemol op d’Zänn bäissen an asprange sollen, dann muss hinnen zumindest endlech mëttelfristeg eng uerdentlech Perspektiv gebuede ginn! 

Et ass och elo de Moment fir d’Programmer op den Terminalen unzepassen. D’Schüler erliewen hire Schoulalldag säit 2 Joer mat dëser Pandemie. Si mussen entlaascht ginn. De psychologesche Rateschwanz vun der Pandemie weist schonn elo seng Auswierkungen. D’Schüler op den Terminalen hu keen normaalt Schouljoer. D’Schüler hunn iwwerhaapt schonn am drëtte Joer hannereneen keen normale Schoulalldag. D’Schoulrealitéit ass grad fir d‘Schüler eng aner ginn. Si brauchen dringend méi Support, si brauche méi Entlaaschtung a si brauche virun allem en psychologescht Zeechen aus dem Ministère. 


Am Enseignement Musical an an der Erwuessenebildung mussen d’Schüler de Covidcheck maachen, a bis 19 Joer den 3G, an ab 19 Joer den 2G erfëllen, fir zukünfteg un hire Coursen an dann och un hiren Examen deelhuelen ze kënnen. Eis irritéiert et, datt eiser Interpretatioun no elo also Schüler am Enseignement Musical riskéieren hir Coursen an hir Examen net maachen ze kënnen, wärend am normalen Enseignement fir d’Schüler keng obligatoresch Testflicht besteet.


D’Musekscoursen ginn also behandelt ewéi e renge Loisir an eng Fräizäitbeschäftegung ewéi an de Kino oder den Theater ze goen, obwuel eng Museksausbildung jo awer och eng ganz klor educativ a beruffsspezifisch Ausbildung ass.


D‘Chargéen halen de Schoulbetrib mat hiren iwwerdimmensionnéierten Tâchë scho laang um Lafen. Aus Solidaritéit a virun Allem fir d’Schüler wäerten all d’Enseignanten natierlech hiert Bescht maachen de Schoulbetrib ze garantéieren, den Ament steiere mer awer mat groussem Tempo op eng mëttelfristeg Katastroph am Enseignement hin.

 

De Rateschwanz vun der Pandemie si psychesch a schoulesch Problemer bei eise Jonken, an de steigende Risk vun psycheschen a kierperlechen Erkrankungen och bei eisen Enseignanten. 

 

D’Chargéen wäerte keng jorelaang Méibelaaschtung méi duerchhalen. An d’ACEN wäert dës och net méi akzeptéieren an huet dem Minister matgedeelt, elo endlech iwwert eng Upassung vun den Aarbechtskonditiounen ze schwätzen.

 

 

De Comité vun der ACEN