Pressecommuniqué

D’ACEN hat haut, den 18. Abrëll mam Minister vum ëffentlechen Déngscht Dan Kersch, der ALBSC, esouwéi de CGFP-Ënnergewerkschaften SLEG, ALEE an AGITE eng Entrevue, an där d‘Upassung vun de Carrièrë vun de betraffene Beruffsverbänn d’Thema war.

Mam Accord Salarial gouf duerch den Asaz vun der ACEN mat der Regierung festgehalen, dattd’Chargéë mat universitären Diplomer an de Graden ugepasst ginn. Mat dem Akraafttriede vum Accord Salarial gëtt domadder endlech den Diplom vun de Chargéen unerkannt. Et ass ee vun zwee Schrëtt a Richtung Diplomunerkennung vun de Chargéen.

Een zweete Schrëtt konnt schonn am Februar public gemaach ginn. De Minister Dan Kersch huet deemools e Gesetzesvirschlag pesentéiert, dee réckwierkend op den 1. Januar 2018 an nom selwechte Muster wéi 2009 verschidde Staatskarrièren, ënner anerem eben och déi vun de Chargéen, ugepasst ginn (gläichen Echelon -1 am neie Grad).

Dëse Gesetzesprojet erméiglecht de betraffene Staatsemployéen a -fonctionnairen eng nodréiglech Gerechtegkeet bei hirem Klassement. Ouni déi onofhängeg Aarbecht vun der ACEN wier dëst Resultat fir déi vill betraffe Chargéë sécher net méiglech gewiecht. Zoudeem ass d’ACEN beim Minister Dan Kersch vun Ufank un op en oppend Ouer gestouss.

An der Entrevue mam Minister Kersch konnte lescht Onklorheete betreffend der Unerkennung vun der Anciennetéit gekläert ginn, déi am Projet de loi 7245 gereegelt ass. Dëse Projet ass aktuell beim Staatsrot fir en Avis. D’ACEN hofft, datt dëst Gesetz méiglechst séier gestëmmt ka ginn. 

Säit 2015 stoung d’ACEN a permanentem Kontakt mat dem zoustännege Minister. De Minister Dan Kersch suergt mat dësem Gesetz dofir, dass no 20 Joer endlech e grousse Schrëtt gemaach gëtt, an d’Ongerechtegkeeten beim Klassement vun de Chargéen ausgläicht.

D’Regierung huet domadder no der Upassung vun der Tâche am Oktober 2015 och beim Klassement Wuert gehal, an d’ACEN ass houfreg, datt déi laang a konstruktiv Gespréicher esou e positiven Ofschloss fonnt hunn.

De Comité vun der ACEN