Fonctionnarisatioun

Vertrieder vun der ACEN hunn sech de 24.10.2017 mam Camille Peping an d’Danielle Stammet vum IFEN getraff fir iwwert d’Detailer vun der méiglecher Fonctionnarisatioun no 15 Joer ze schwätzen, an och fir déi nei Modalitéite vum Stage fir d’Chargéen ze diskutéieren.

D’ACEN huet bemängelt, datt d’Fonctionnarisatioun eigentlech scho mat der Reform vun der Fonction Publique 2015 verankert gouf, an awer och am Joer 2017 nach kee Chargé vun dëser Ouverture profitéiere konnt.

Eng grouss Zuel Demandë sinn zwar am Ministère an och um IFEN agaangen, awer et ass wuel och fir d’Schouljoer 2017/18 net méi méiglech nach vun der Fonctionnarisatioun ze profitéieren. Deementspriechend fält eng méiglech Fonctionnarisatioun vun de Chargéen, déi dës maache wëllen eréischt an d’Schouljoer 2018/19, wat dann eréischt 4 Joer (!) nom eigentleche Gesetz ass.

De Chargé, deen eng Fonctionnarisatioun maache wëll, muss sech am Prinzip dem Fin de Stage aus dem Proffestage stellen. Souwuel d’Examensstonnen, ewéi och de Memoire an de Legislatiounsexame sinn also ze maachen. D’Examenszäit leeft deemno wuel ee Joer vun Abrëll bis Abrëll.

An deem Kontext war den 11. Dezember 2017 och eng Reunioun am IFEN zum Thema vun der méiglecher Fonctionnarisatioun vun de Chargéen no 15 Joer Staatsdéngscht. Natierlech waren och Vertrieder vun der ACEN bei dëser Reunioun. D’ACEN muss allerdéngs feststellen, datt nach laang net all Detailer zu honnert Prozent kloer sinn.

Sollt Dir am Fall sinn d’Fonctionnarisatioun maachen ze wëllen, da rode mir Iech Iech un d’Madamm Danielle Stammet vum IFEN ze wenden, an Iech och beim IFEN fir d’Fonctionnarisatioun unzemellen.