Lycée Classique a General

D’ACEN setzt sech fir all d’Chargéen am Enseignement an. Besonnesch d’Konditioune vun de Chargéen an eise Lycéeë konnten duerch eisen Asaz säit 2015 däitlech verbessert ginn, an awer gesi mir och elo nach dréngende Verbesserungsbedarf. 

De Lëtzebuergesche Stat setzt an eise Lycéeën esouwuel op Fonctionnairen, ewéi och op Employéen, also sollten d’Aarbechtskonditiounen vu béiden , wéi beim Lëtzebuerger Stat och soss üblech, déi selwecht sinn. Leider ass bei den Aarbechtskonditiounen den Employé awer ëmmer nach méi schlecht gestallt. D’ACEN setzt sech dofir an, datt d’Altersdechargen an d’Koeffiziente fir all Enseignant gläich berechent solle ginn. 

Wann Dir spezifesch Froen zum Lycée Classique oder General hutt, dann zéckt net eis Experte fir déi jeeweilege Regime ze kontaktéieren.

classique@acen.lu

general@acen.lu