Communiqué Abrëll 2022

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, 

D’ACEN huet d’Äntwerte vum Educatiounsminister op d’Question Parlamentaire vun der CSV zur Kenntnis gehol. An eise Lycéeë ginn ëmmer nach bal een Drëttel vun de Coursë vu Chargéë gehalen. An der Erwuessenebildung sinn et souguer bal 60%, am INL souguer iwwert 80%.

D’ACEN weist sech immens besuergt iwwert den Debakel vun der Fonctionnarisatioun. Bis elo goufe just 13 (!) Kolleeginnen a Kolleege fonctionnariséiert. Säit 2 Joer (!) kréien d’Leit awer mol keng Äntwert fir sech iwwerhaapt fonctionnariséiere loossen ze kënnen! Doduerch kënne logescherweis och guer net méi Leit fonctionnariséiert gi sinn.

D'Konditioune vun der Fonctionnarisatioun si leider dann och einfach net gutt, dofir wëlle vill Leit et einfach net maachen.

Mir waarden iwwregens bis haut op eng Begrënnung, wisou et legitim soll sinn, datt d'Employéen an de Schoule bis zu 1/3 méi Coursen hale mussen ewéi d'Fonctionnairen! E Chargé hält am Extremfall an 10 Joer esouvill Coursen ewéi de Fonctionnaire a 15 Joer. Dat wier esou ewéi wa Staatsemployéen also missten iwwert 50 Stonnen d'Woch als Basistâche maachen, wärend d'Fonctionnairë 40 Stonne schaffen.

Am Anhang fannt dir d’Positioun vun der ACEN zu der Äntwert vum Minister op d’Question Parlamentaire.


De Comité vun der ACEN