Owescoursen /Formation d'Adultes /Expert externe

Am Enseignement kommen ëmmer erëm Experten zum Asaz, déi dacks och vill Beruffserfarung a wichteg Sujeten an eis Schoule bréngen an enseignéieren.

Dës Experts externes ginn op hiren Diplom bezuelt a pro Stonn, déi si schaffen. Dës Kontrakter si geduecht, fir Leit aus anere Beruffer d’Méiglechkeet ze ginn hiert Wësse mat Schüler ze deelen.

D’ACEN ass allerdéngs strikt dergéint, datt dës Experts externes Kontrakter benotzt gi fir regulär Coursen ofzedecken. Well d’Stonnenzuel fir Experts externes op maximal 7 Stonne limitéiert ass, sinn dës Kontrakter u sech geduecht, fir Leit, déi nieft enger anerer regulärer Aarbecht och e bëssen enseignéiere wëllen. Bei reguläre Fächer sollt awer ëmmer op Chargéen zréckgegraff ginn, wa Leit gebraucht ginn.

Experts externes beliewen eis Schoulen a Fächer ewéi Fotografie, Theater oder mat wichtege Verbindungen zum Beruffsliewen an an d’Wiertschaft. D’ACEN setzt sech dofir an, datt och si uerdentlech bezuelt a behandelt ginn. D’ACEN wëll awer och verhënneren, datt jonk Leit mat dëse Kontrakter agestallt ginn, amplaz e richtege Kontrakt als Chargé ze kréien.

Falls dir Froen hutt zéckt net eis ze kontaktéieren.

expert@acen.lu

D’ACEN setzt sech fir all d’Chargéen am Enseignement an. Besonnesch d’Owescoursen an d’Formation d’Adultes liewen duerch den Asaz vu ville Chargéen.

Och wa mam Formateur d’Adultes virun e puer Joer endlech e legale Kader an der Formation d’Adultes geschaf gouf, fir och hei kënne Fonctionnaire ze ginn, ass besonnesch an den Owescoursen an an der Erwuessenebildung den Undeel u Coursen, déi duerch Chargéë gehale ginn immens grouss.

D’ACEN setzt sech dofir an, datt d’Aarbechtskonditioune fir all Enseignant am Postprimaire identesch solle sinn, egal op d’Kolleegen am INL, an de villen Owescoursen an den eenzele Lycéeën oder am CNFPC schaffen.

Wann Dir spezifesch Froen zu de Chargéen an den Owescoursen oder der Formation d’Adultes hutt, dann zéckt net eis Experten ze kontaktéieren.

soir@acen.lu

cnfpc@acen.lu

adultes@acen.lu