Musek beweegt eis alleguer

REPRISE ENSEIGNEMENT MUSICAL

Léif Kolleeginnen a Kolleegen aus dem Enseignement Musical,

No eisem Bréif un de Ministère krut d‘ACEN kuerz virun der Péngschtvakanz d‘Réckmeldung fir eis doriwwer z‘ informéieren, datt tatsächlech eng Reprise vun den Eenzelcoursë geplangt ass. D’ACEN ass als offizielle Representant vun de Chargéen am Enseignement Musical doriwwer erliichtert, dass de Ministère zesumme mat der Santé no Léisunge sicht fir och eng Reouverture am Enseignement Musical méiglech ze maachen.

An deene leschte Wochen hu mir Réckmeldunge kritt, datt d’Leit deelweis an d’Maison Relais geschéckt gi sinn, obwuel dat op fräiwëlleger Basis hätt solle geschéien, oder si an enger eideler Schoul en Deel vun hire Stonnen hu misse reegelrecht ofsëtzen, well d’Gemengen dat esou pauschal decidéiert hunn. Béides huet dozou gefouert, datt en Télétravail dee virdru gutt funktionnéiert huet däitlech beanträchtegt ginn ass. Et  sinn och deelweis Klassesäll vun de Museksschoule fir d’Schüler aus dem Fondamental ëmgebaut ginn an d’ACEN huet sech besuergt erkläert, datt den Enseignement Musical géif geaffert gi fir eng Reprise vun der Groundschoul ze stemmen, déi enorm Ressourcë brauch an déi net iwwerall op Zoustëmmung getraff ass.

E Freideg koum dunn déi gutt Nouvelle, datt all Eenzelcoursen an och d’Gruppecoursen en Vue  vun engem 1er prixoder engem diplôme supérieurerëm kënnen ufänken. Et ass also e feu vertvum Ministère an der Ofsprooch mat der Santé. D’Decisioun awer, wéini d’Coursen an op d’Coursen iwwerhaapt nach eng Kéier virun der Summervakanz opgeholl ginn, läit elo bei den zoustännege Gemengen.

D’ACEN wäert natierlech och weiderhin am A behalen, wéi déi eenzel Gemengen dat handhaben a wat mat deene Kolleege geschitt, déi am Moment an de Maison Relais an an de Foyer Scolaire aushëllefen, an déi elo hir Coursen erëm halen däerfen. 

Mir si frou, datt de Ministère d’Kommunikatioun mat der ACEN gesicht huet an d’ACEN als Vertrieder vun den Interessen vum Enseignement Musical unerkennt. D’ACEN wäert déi zoustänneg Ministeren och nach eemol un déi néideg Upassungen bei der Diplomunerkennung am Enseignement Musical erënneren, an déi duerch d’Corona-Kris pauséiert Gespréicher esou séier ewéi méiglech nees ophuelen.

Zu gudder Lescht wëlle mir awer och eise Membere Merci soen, déi eisen éischte Communiqué esou gutt iwwer déi sozial Medie gedeelt hunn. Déi Presenz, den Zesummenhalt an d’Astoe vun de Chargéë fir hire Beruffsstand hu schlussendlech gewisen, dass si zesummen vill erreeche kënnen.  D’Chargéen aus dem Enseignement Musical sinn an deene leschte Méint ëmmer méi zu enger Eenheet zesumme gewuess an d’ACEN ass bereet sech als porte parole fir Iech staark ze maachen.

De Comité vun der ACEN

REPRISE ENseignement MUSICAL - MEE 2020

Léif Kolleeginnen a Kolleegen aus dem Enseignement Musical,

No enger Rei Ufroe vu Säite vun eise Membere bezüglech dem hin an hier vum Ministère a punkto Reprise vun de Musekscoursen an de Conservatoiren a Museksschoulen, huet d’ACEN e Méindeg 11. Mee reagéiert an dem Minister Meisch an dem Här Lacour e Bréif geschéckt.

An dësem Bréif deele mir hinne mat, datt eis Memberen aus dem Enseignement Musical säit dem Ufank vum Confinement hiert Méiglechst gemaach hu fir d‘Musekscoursen online weider ze halen an a Kontakt mat de Schüler ze bleiwen, och wa vum Ministère dësen „Home Schooling“ net ausdrécklech gefuerdert gouf an datt dat duerchaus mat vill Aarbecht verbonne war an nach ëmmer ass.

Vu datt iwwerall eng Reprise vum Enseignement geplangt wier an och aner Betriber lues a lues hir Aktivitéit erëm kënnen ophuelen, géifen d‘Chargéen aus dem Enseignement Musical et begréissen, wann zumindest all individuell Coursen, och déi vun der Division Inférieure, demnächst kéinten ulafen, wat och deene Schüler déi nach en techneschen Examen ze spillen hunn et géif erlaben, hiert Joer anstänneg ofzeschléissen.

D’Musek ass e wichtege soziale Pilier an der Gesellschaft a sollt och an der Schoul als gläichberechtegt Fach wouer geholl ginn. Mam weideren Aussetze vun de Coursen an de Conservatoiren a Museksschoule géif de Ministère eiser Meenung no e falscht Signal senden.

Net ganz nozevollzéien an deem Zesummenhang wier och de Communiqué vum Ministère, deen en Opruff beim Personal aus dem Enseignement Musical mécht, sech ab dem 25. Mee  fir d’Encadréiere vun de Schüler aus dem Fondamental an der Maison Relais a Foyer Scolaire zur Verfügung ze stellen. Natierlech ass dat en Opruff op fräiwëlleger Basis an all Enseignant, deen eng Hand mat upake kann a wëll, sollt dat och maache kënnen. Net logesch erschéngt eis awer, ofgesinn dovun, dass de Museksenseignant keng Qualifikatioun als Educateur huet, datt zwar engersäits den Eenzelcours am Enseignement Musical bis op e puer Ausnamen ëmmer nach net erlaabt ass, anerersäits awer Musek, Danz an Theater Ateliere fir bis zu 10 Kanner an der Maison Relais, anscheinend net als problematesch empfonnt ginn.

D’Daseinsberechtegung an d’Wichtegkeet vum Enseignement Musical si schonn esou oft am grousse Ganze vergiess ginn oder ënnergaang, dat soll sech hei net widderhuelen.

Mir sinn eis duerchaus de Schwieregkeete bewosst, déi d’Reprise vun de Musekscoursë bei verschiddenen Instrumenter mat sech bréngt, hei sinn individuell Mesuren néideg, gesinn awer kee Grond, dofir d’Majoritéit vun den Eenzelcoursë bis op Weideres auszesetzen, wann all aner Secteuren erëm ulafen.

D’Conservatoiren a Museksschoule sinn op hir Schüler ugewisen a riskéiere fir d’Rentrée 20/21 massiv un Aschreiwungen ze verléieren, wann d’Coursen nach weider ausgesat ginn. Och d’Sécherheet vun den Aarbechtsplaze gëtt heimat op d’Spill gesat, woubäi d’Chargéë warscheinlech déi éischt wäerte sinn, déi dat ze spiere kréien.

Mir hunn deemno en Appell un de Ministère gemaach, och d’Musekscoursë lues a lues aus dem Confinement eraus ze féieren an d’Eenzelcoursen ab dem 25. Mee erëm integral stattfannen ze loossen.

de Comité vun der ACEN

Musek beweegt eis alleguer. Mir lauschtere se bewosst an onbewosst quasi all Dag. D’Musekschargéen aus de Museksschoulen a Conservatoiren uechtert d’Land hunn an der Reegel eng laang Ausbildung hannert sech, oft hu si vu kleng op Musek gemaach an an etleche Stonnen nieft der Schoul a spéider hirem Studium mussen üben. Kaum eng Ausbildung ass och privat esou zäitopwänneg, an awer gi si net emol op hir Unisdiplomer bezuelt, ewéi aner Enseignanten am Land. D’ACEN fuerdert dofir, datt d’Musekschargéen no hiren Unisdiplomer reklasséiert musse ginn.

D’ACEN war aus dëser Ursaach schonn den 12.12. beim Educatiounsminister, a setzt sech fir eng vollwäerteg Unerkennung vun den Diplomer vun alle Musekschargéen an. Op Chrëschtdag huet RTL Tëlee ee Bäitrag heizou an hirem Journal bruecht.