Wie si mir? 

De 04.06.2014 koum et zu engem éischte groussen Treffe vun de Chargéen aus Lëtzebuerg, well sech d’Onzefriddenheet ënnert hinnen ëmmer weider gesteigert huet. D’Chargéë ware scho laang e fixe Bestanddeel vum Lëtzebuerger Schoulsystem, an trotzdeem goufe si just drëttklasseg behandelt.

De Chargéen hir Tâche war – aus onlogesche Grënn – méi héich wéi déi vu den nominéierte Kolleegen. Huet een d’Koeffizienter matgerechent hunn d’Chargéen e gudden Drëttel misse méi schaffen, an dat fir eng wesentlech méi schlecht Pai. D’ACEN gouf den 18.06.2014 gegrënnt fir d’Interessie vun de Chargéen an eise Schoulen ze vertrieden, och well sech hir Konditiounen iwwert 20 Joer ëmmer just weider verschlechtert hunn. Séier hu sech méi ewéi 800 Chargéen an der ACEN vereenegt fir endlech fair Konditiounen anzefuerderen.

D’ACEN huet sech séier beméit de Kontakt mat de verschiddene Partenairen ze sichen. Souwuel mat den zoustännege Ministèren, de Parteien, ewéi och mat dem Eltereverband an den anere Gewerkschafte goufe Gespréicher gefouert. D’ACEN war dobäi ëmmer beméit konstruktiv an argumentativ virzegoen, an onofhängeg ze agéieren. Schonn am Oktober 2015 huet dës Aarbecht seng éischt Friichte gedroen. D’ACEN konnt an engem Accord mam Educatiounsminister Claude Meisch d’Basistâche vun de Chargéen un déi vun den nominéierte Kolleegen upassen, an och d’Koeffizienten ënnert 1 an den ACASP ofschafen, sou datt d’Tâche vum Chargé endlech erëm bei 21+1 läit, an net méi bei 22+2.

Haut ass d’ACEN déi eenzeg onofhängeg Chargésgewerkschaft, wou sech Chargéë fir Chargéen asetzen, an d’ACEN ka stolz op vill Erfolleger zréckblécken : Bei der Tâche :

Fir déi nei Chargéen :

Fir d’Chargéë virun 2015:

All dës grouss Erfolleger an déi positiv Verännerunge fir d’Chargéë sinn e risege Schrëtt an déi richteg Richtung no 20 Joer desastréiser Politik op Käschte vun de Chargéen. D’ACEN huet domadder a just 4 Joer mat konstruktiver Aarbecht 20 Joer voll Ongerechtegkeeten ofgebaut. Trotzdeem sinn dës Erfolleger just een Etappenzil, déi just duerch d’ACEN méiglech waren. D’ACEN setzt awer natierlech op weider Upassungen, fir datt d’Chargéen endlech als vollwäerteg Employéë mat fairen Aarbechtskonditiounen unerkannt ginn. Just eng onofhängeg Employéesgewerkschaft ewéi d’ACEN ka garantéieren, datt d’Interessie vun den iwwer 1000 Chargéen och weiderhi vertruede ginn.

COMITÉ