Chargéen an de Museksschoulen

D’ACEN huet déi zoustänneg Ministeren dorobber higewisen, datt och am Joer 2019 nach ëmmer Chargéë falsch an ongerecht klasséiert sinn. D’Chargé de cours des établissements d'enseignement musical du secteur communal ginn an den Aen vun der ACEN nach ëmmer diskriminéiert a kréien hiren Diplom net valoriséiert.

An dësem Dossier muss elo ganz séier eng propper Léisung fir déi vill Kolleege fonnt ginn, déi an eise Muséksschoulen de Schüler ee vun eise wichtegste Kulturgüter méi no bréngen.

D’ACEN fuerdert hei eng séier Reaktioun an eng Upassung vun de Carrièren.