Formation Professionnelle

D’ACEN setzt sech fir all d’Chargéen am Enseignement an. Besonnesch d’Konditioune vun de Chargéen an eisen Ateliere musse verbessert ginn. D’ACEN setzt sech hei fir eng realistesch Upassung bei der Unerkennung vun den Diplomer an. De Stellewäert vum Handwierk muss an eiser Gesellschaft an och beim Lëtzebuerger Stat verbessert ginn.

D’ACEN setzt sech dofir an, dass d’Meeschterprüfung unerkannt muss ginn. All d’Chargéen an den Ateliere pauschal am B1 ze klasséieren, gëtt hiren Diplomer net gerecht.

De Lëtzebuergesche Stat setzt an eise Lycéeë souwuel op Fonctionnairen ewéi och op Employéen, also sollten d’Aarbechtsconditioune vu béiden déi selwecht sinn. Leider ass hei den Employé awer ëmmer nach méi schlecht gestallt. D’ACEN setzt sech dofir an, datt d’Altersdechargen an d’Koeffiziente fir all Enseignant gläich berechent solle ginn.

Wann Dir spezifesch Froen zu de Chargéen an den Atelieren hutt, dann zéckt net eis Experten ze kontaktéieren.

atelier@acen.lu

 


No dem Educatiounsminister Meisch an dem Mëttelstandsminister Lex Delles huet elo och de Staatsminister erkannt an ëffentlech geäussert, wéi wichteg d’Handwierk ass. Och 6 Joer no der Reform vun der Fonction Publique ass eng Revaloriséierung vun der Meeschterprüfung beim Lëtzebuerger Staat awer ëmmer nach net vollzu ginn.

Am Géijesaz zu Länner wéi Däitschland, Eisterräich an der Schwäiz, wou d’Meeschterprüfung mam Bachelor gläichgestallt ass, ginn eis Handwierker ëmmer nach an de B1 klasséiert, an domadder trotz hirem Ofschloss just op eng Première bezuelt. Dëst ass de Contraire vun enger Wäertschätzung, et weist, datt d’Politik d’Handwierk de facto a Wierklechkeet ëmmer nach net valoriséiert.

Bei der Reform vun der Fonction Publique 2015 goufe bekanntlech vill Sous-Gruppen net uerdentlech vertrueden a valoriséiert. Net just d’Chargéë mam Bachelor an Master goufen hei massiv diskriminéiert, well weder d’Politik nach d’Staatsbeamtegewerkschaft hir Rechter vertrueden hunn, et gouf ënner anerem och verpasst nieft dem am Gesetz integréierten Bachelor eben och endlech d’Meeschterprüfung ze valoriséieren. 

Dës Revaloriséierung betrëfft beim Lëtzebuerger Staat ebe virun allem erëm d’Chargéen an eiser Beruffsausbildung. D’Chargéen an den Atelieren gi mat Meeschterprüfung rekrutéiert, also muss dës Meeschterprüfung och endlech an der Fonction Publique unerkannt ginn. 

D’ACEN weist elo schonn säit iwwer 7 Joer ëmmer erëm op dës Defiziter hin. D’Handwierk brauch awer ebe méi wéi just waarm Wierder. Fir d’Handwierk attraktiv ze maachen, muss de Staat als alleréischten ufänken den Diplom vun eisen Handwierker endlech ze revaloriséieren.