Communiqué zu den Chargéen an de Museksschoulen

D’ACEN kämpft säit Jore fir eng Gläichstellung am Enseignement an eng Unerkennung vun den Diplomer. Leider musse mir och am Joer 2019 nach feststellen, datt trotz de positive Verännerungen, déi duerch d’ACEN am Enseignement schonn ëmgesat goufen, ëmmernach ze vill Chargéen ouni eng komplett Unerkennung vun hiren Diplomer schaffe mussen.

 

An eise Museksschoulen uechtert d’Land ginn d’Chargéen zwar no hiren Diplomer klasséiert, kréien dës awer net remunéréiert oder unerkannt. Et gouf viru Jore scho verpasst hei Gerechtegkeet ze schafen. D’ACEN fuerdert d’Regierung dofir op ganz séier eng Léisung fir déi betraffe Chargéen ze sichen.

 

D’ACEN hat schonn den 12. Dezember eng Réunioun mam Educatiounsminister Meisch fir d’Problemer ze beschwätzen an ass op open Ouere gestouss. Et gouf signaliséiert, datt d’Regierung Gespréicher mat der ACEN féiere wäert fir un enger Léisung ze schaffen.

 

Eng komplett Valorisatioun vun den Diplomer vun alle Chargéen an alle beim Stat schaffenden Employéë muss endlech lückenlos duerchgesat ginn. Just eng Unerkennung vun den Diplomer vun allen Employéë kann e faire System schafen. En Diplom muss beim Stat, de Gemengen an dem Parastat endlech ëmmer déi selwecht Valeur hunn.

 

D’ACEN setzt sech dofir an, datt ganz séier eng Léisung fir d‘Chargéen an de Museksschoulen fonnt muss ginn, dës Léisung ka just eng Unerkennung vu Master a Bachelor ewéi am Rescht vum Enseignement beinhalten.

 

De Comité vun der ACEN