Informatiounen

Mat an ouni Fonctionnarisatioun « gaga » !

« Fonctionnarisatiounskado »

D’ACEN weist sech enttäuscht, dass och beim zweete Versuch vun enger Fonctionnarisatioun an no iwwert dräi Joer Gebastels um dozou passende Gesetz vill Leit scho bei de Sproochentester eliminéiert goufen. Zudeem feelt et och weiderhin un néidegen Dispense fir d'Kolleeginnen a Kolleegen, déi z.B. de Legislatiounsexame schonn eemol gemaach a gepackt haten. Dëst ass net ze akzeptéieren!

Eng méiglech Fonctionnarisatioun no 15 Joer am Déngscht ass allerdéngs och kee Kaddo, mee eng am Gesetz vum ëffentlechen Déngscht verankert Obligatioun an eng iwwerfälleg Méiglechkeet Employéë fir annerhalleft Joerzéngt am Staatsdéngscht ze valoriséieren. Nieft enger voller Tâche déi néideg Formatiounen ze absolvéieren ass genau esou wéineg evident ewéi de Stress vun den Examen.

D’Fonctionnarisatioun an hirer aktueller Form ass awer eng Farce. Eng Valorisatioun vun de Schaffjoren fënnt net statt. D’Critère sinn onduerchsiichteg. D’Bewäertungscritèren an den Aarbechtsopwand onproportional. Ausserdeem entsprécht dës Fonctionnarisatioun esou och net den Ukënnegungen, déi d’ACEN am Juli 2022 gemaach krut.

« Gagastonnen » an Aarbechtsbelaaschtung

Virun allem ass eng theoretesch méiglech Fonctionnarisatioun awer ëmmer nach kee Recht dorobber d’Employéen an de Schoulen weider auszebeuten! Vill Kolleeginnen a Kolleege kënnen dës Examen eben net maachen.

Dat heescht dann awer net, dass d’Employéen an eise Schoulen net trotzdeem e Recht hunn uerdentlech behandelt ze ginn! Gläich Aarbecht heescht gläich Aarbechtskonditiounen. Dat seet europäescht Gesetz, an dat gëtt soss och am Staatsdéngscht esou praktizéiert, just – mol erëm (!) – net an eise Schoulen.

D’ACEN huet den zoustännege Ministeren de schockéierende Calcul gemaach. E Chargé am Secondaire huet duerch déi feelend Altersdechargen a Coeffizenten um Enn vu senger Carrière iwwert 8 Schouljoren (!) méi u Coursë gehalen, ewéi de Fonctionnaire. Dat sinn also 8 Joer gratis schaffen! An och an der Erwuessenebildung an an der Grondschoul mussen d’Chargéen ouni korrekt Altersdechargen etlech Stonne méi schaffen ewéi de Fonctionnaire.

Wärend d’Politik iwwert eng sënnvoll Senkung vun der Aarbechtsstonne pro Woch diskutéiert, mussen am Enseignement d’Employéen ouni logesch Begrënnung iwwert 1/4 méi Coursen halen ewéi d’Fonctionnairen, an dat bei – angeblech dach – manner gudder Qualifikatioun!

Fuerderung un all politesch Akteuren!

D’ACEN erwaart hei eng Positionéierung vun der Politik zu dëser bis elo toleréierter Ongläichbehandlung, a konfrontéiert d’Parteie mat der Tatsaach, dass d’Chargéë besonnesch Fin Carrière duerch dës iwwerdriwwen Aarbechtsbelaaschtung kierperlech a psychesch ausgebeut gi – an dat duerch de Staat selwer!

Wann den Employé am Alter vun 60 Joer quasi 8 Schouljoren méi u Coursen huet missen halen, dann ass eppes faul am System. All 5. Woch schafft de Chargé eng Woch gratis am Verglach zum Fonctionnaire! Fin Carrière waren dat dann iwwert 4000 Stonnen gratis Aarbecht! 

Wien dëse System weider toleréiert, den muss wierklech „gaga“ sinn. Et ass kee Wonner, dass den Enseignement ënnert akutem Personalmangel leidt. 30 Joer Ausbeutung hu genuch Leit verschreckt. Och déi desaströs Fonctionnarisatioun huet d’Onzefriddenheet nach eemol wuesse gelooss. 

D’Chargéë hunn de selwechte Studium ewéi de Fonctionnaire, ginn de Staat awer natierlech duerch déi iwwerdimensionéiert Tâche vill méi bëlleg. D‘Chargéen hunn eise Schoulsystem all déi Joren um Lafe gehalen, si sinn eng Stütz ouni déi eis Schoulen guer net méi funktionéieren kënnen.

D’ACEN muss leider feststellen, dass d’Regierung awer op déi real Problemer mat der Vurrelstrausstaktik reagéiert a keng Äntwerten a Reaktioune méi op Ufroe kommen. D’Faass ass awer elo voll. Mir hunn esouvill Argumenter, dass mir op Polemik verzichte kënnen. D’ACEN fuerdert awer elo Léisungen a wäert dës och aktiv afuerderen! Noutfalls och mat gewerkschaftlechen Aktiounen a juristesche Weeër.

De Comité vun der ACEN