Manif vum 24te Mäerz

Et huet ee schonn eng Zäit laang an der Geschicht zréckgoe missen, wou eng gréisser Manifestatioun virun den Diere vum Parlament war. Dënschdes de 24te Mäerz war dat awer de Fall, wéi sech iwwer 700 Chargéen, Educateuren a Sozialpädagogen um Krautmaart versammelt hunn, fir géint d’Reform vun der Fonction Publique ze manifestéieren.

 D’ACEN hat zu dëser Manif opgeruff, net fir d’Ofstëmmung ze stoppen – dat war zu kengem Zäitpunkt realistesch – mee fir ze weisen, datt een net méi bereet wier weider nozekucken, ewéi d’Politik d’Chargéë géing bei all Geleeënheet iwwergoen.

20 Joer laang hunn d‘Chargéen ënnerbezuelt eise Schoulsystem um Lafe gehalen, an duerch déi verpasste Geleeënheet vun dëser Reform gounf dës Diskriminatioun esouguer zementéiert.

D'Associatioun vun de Chargéë wollt drop opmierksam maachen, datt hei hätt missen nogebessert ginn, an datt et un der Zäit wier, e fairen an transparente Schoulsystem an eng logesch Diplomunerkennung beim Stat ze schafen.

Mat der Reform am ëffentlechen Déngscht hätt een eigentlech d’Geleeënheet gehat Feeler vun zwee Joerzéngten endlech gutt ze maachen, an d’ACEN huet sech misse bestätegt fillen, datt just si sech fir d’Chargéen asetzt.

D’ACEN konnt net méi novollzéien ewéi een 20 Joer all Geleeënheet verpasst hat fir déi onlogesch Klasséierunge bei de Chargéen endlech ofzeschafen, an d’Reform vum ëffentlechen Déngscht 2015 huet nach eemol ënnerstrach, datt d’Chargéë beim Ausschaffen net berécksiichtegt gi waren.

Ënnerstëtzt gouf d'ACEN nieft de Vertrieder vun den Educateuren a Sozialpädagogen och kuerzfristeg vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft vum OGBL.

D’Manif war aus Siicht vun der ACEN zudeem déi eenzeg Chance nach eemol opmierksam ze maachen op vill Ongerechtegkeeten, déi mat der Reform vum ëffentlechen Déngscht agefouert géinge ginn, ewéi eng Stagezäit vun 3 Joer, während där d’Stagiairen esou just 80 bzw. am drëtte Joer 90 Prozent vun der regulärer Pai verdénge géingen.

Trotzdeem gouf dat vun der leschter Regierung an der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP ausgeschaffte Gesetz leider mat grousser Majoritéit gestëmmt. D’Manif vun der ACEN war trotzdeem e groussen Erfolleg fir ze weisen, datt d’Chargéen net méi nokucke géingen ewéi nei an al Ongerechtegkeeten ouni si einfach duerchgesat géinge ginn.