Sozialwahlen

SOZIALWAHLEN 2020 MERCI 

Léif Kolleeginnen a Kolleegen,

e grousse Merci un iech all. D’ACEN huet opgrond vun der Corona-Kris an de Fermeture vun de Schoule bewosst komplett op e Walkampf verzicht an trotzdeem hunn 525 Leit eis gewielt. 

D’ACEN huet an der Corona-Kris erwaart, dass dës Walen ofgesot géinge ginn, leider goufen d’Walen awer duerchgezunn, obwuel e Walkampf a virun allem och eis geplangten Informatiounsveranstaltungen net méiglech waren. De Comité vun der ACEN huet dofir och decidéiert guer kee Walkampf ze féieren! Leider ass et beim aktuelle Walsystem onméiglech e Sëtz an der Chamber kënnen ze kréien.

D’ACEN hält d’Walen och weiderhi fir net demokratesch genuch, an erwaart nach an dëser Legislaturperiod iwwerfälleg Upassungen an der Chambre des Fonctionnaires et Employés Publics. Säit 2014 weist d’ACEN ëmmer erëm op den akuten demokrateschen Defizit hin. D’Employéen hunn an der Chamber just 2 Sëtz, am Plaz vu ganzer 8 déi d’Employéë proportional missten hunn.

Et schaffen den Ament iwwert 27% Employéë beim Lëtzebuergesche Staat, an awer ginn si just duerch 2 vun 21 Sëtz representéiert, also manner ewéi 10%! Dat ass och am Joer 2020 en demokratesche Skandal. 

Och an eise Schoulen uechtert d’Land ass den Undeel un Employéë weider gewuess. An de Lycéeën assuréieren d’Employéen iwwer ¼ vun de Coursen, an der Erwuessenebildung ass den Undeel bekanntlech nach wesentlech méi héich. An eise Museksschoulen a Conservatoire schaffe Majoritär Employéë, déi an der Kategorie F hu misse wielen, bzw. souguer Salariéen, déi guer keen Droit de Vote bei dëse Walen haten!

Trotzdeem ass d’ACEN bei dëse Walen souguer zur zweetstäerkster Gewerkschaft am Enseignement Secondaire gewielt ginn.

Mat beschte Gréiss,

de Comité vun der ACEN

 

2015

D'ACEN seet all senge Wieler bei de Sozialwahle villmools Merci an ass erfreet iwwert ee ganz staarkt Resultat an ee kloert Zeechen un d‘Politik an déi aner Gewerkschaften aus dem Enseignement, dat mat dëse Wahle gesat gouf.Mat 16,3 % huet d’ACEN ganz kloer eng Majoritéit fir zukünfteg een neie Wand am Ëmgang mat den Employéen an eise Schoulen ze verlaangen! Hätten d’Employéen eng demokratesch Respresentatioun an der Sozialkummer,

dann hätt d’ACEN esouguer ee Sëtz misste kréien!

D’Resultat vun der ACEN ass ee kloert Zeechen, datt d’Chargéen sech selwer respresentéiere wëllen, an datt et elo un der Regierung ass, hiren Aussoen nozekommen, a fir eng nei a fair Politik an eise Schoulen ze suergen.

D’ACEN krut eng méi wéi zefriddestellend Bestätegung fir déi gewerkschaftlech onoofhängeg Aarbecht vun de leschte Méint,an dorobber si mir houfreg.