Enseignement Musical

Säit Dezember 2019 vertrëtt d’ACEN elo och d’Enseignanten am Enseignement musical (EM). No laange Verhandlungen koum et am Juli 2021 zu engem Accord fir d’Diplomer vun den Enseignanten ab dem 1. Januar 2023 vollwäerteg unzeerkennen. Am Juli 2023 gouf dunn dat entspriechend Gesetz gestëmmt, wat den Enseignanten endlech déi verdéngten Unerkennung a Wäertschätzung gëtt.

De Laurent Clement an de Joël Heyard setzen sech no dësem éischte groussen Erfolleg natierlech weiderhi fir d’Rechter vun den Enseignanten am EM an. Wann Dir also Froen hutt, dann zéckt net eis Experte fir den Enseignement musical ze kontaktéieren.


musek@acen.lu


Laurent Clement, Joël Heyard, Luc Wildanger

GESETZ GESTËMMT!!!



It's done! D'ACEN war haut Live an der Chamber mat derbäi wéi d'Gesetz iwwer d'Gehälterreform am Enseignement musical à l'unanimité ugeholl ginn ass.

Op der leschter Ligne droite gouf all Ustrengung ënnerholl dëst Gesetz nach virun der Summerpaus duerch d'Chamber ze bréngen. Et gouf mat Héichdrock dru geschafft d'Texter esou schnell wéi méiglech z'adaptéieren an ze preparéieren a mir soen deenen zoustännege Ministeren Taina Bofferding a Claude Meisch, dem Commissaire Gilles Lacour an de Beamte vum Ministère de l'Intérieur a vum Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse villmools Merci fir hiren Asaz an déi gutt Zesummenaarbecht iwwer déi lescht Joren.

Mat dësem Gesetz, fir dat d'ACEN sech déi lescht knapp 4 Joer onermiddlech agesat huet, kënnt et endlech zu enger vollwäerteger Diplomunerkennung a wuel verdéngter Valoriséierung vun alle Musek's Enseignanten.

Mir soen allen eise Memberen e ganz grousse Merci fir hiert Vertrauen während all där Zäit a wënschen allen Enseignanten eng schéin an erhuelsam Vakanz.

Nëmmen zesumme si mir staark.



#vollwäertegdiplomunerkennung

#enseigmementmusical

#musiceducation

Photo by Max Staus



Eenegung bei der vollwäerteger Diplomunerkennung fir d’Chargéen am Enseignement Musical

Léif Kolleeginnen, léif Kolleegen,

 

D’ACEN ass immens frou Iech matdeelen ze kënnen, datt et bei der Entrevue vum 15. Juli 2021 tëschent de Gewerkschaften ACEN an FGFC an de Ministeren Taina Bofferding a Claude Meisch, endlech zu enger Eenegung am Dossier vun der vollwäerteger Diplomunerkennung fir d’Chargéen am Enseignement Musical komm ass.

 

Am Kader vun der Reform vum Museksunterrechtsgesetz, déi am September 2022 wäert a Kraaft trieden, wäerten all d’Chargéen, déi bis dohi schonn en Service sinn, hir Diplomer vollwäerteg unerkannt kréien.


Déi momentan nach degradéiert Karriäre B1/E2, A2/E3 an A1/E3ter ginn den 1. Januar 2023 vollstänneg zu vollwäertege B1, A2 an A1 Karriäre revaloriséiert, wéi se och fir déi aner Servicer am ëffentlechen Déngscht gëllen. Domat gëtt eng grouss Ongerechtegkeet, déi 2017 bei der Gehälterreform vun de Gemengen entstanen ass, endlech aus der Welt geschaaft.

 

D’ACEN weist sech zefridden iwwer dës Eenegung a seet den zoustännege Ministere villmools Merci, datt si no laange Verhandlungen e weidere Schrëtt op eis duer komm si fir dësen Accord z’erméiglechen.

 

Säit Dezember 2019 huet d’ACEN sech onermiddlech dofir agesat, datt d’Chargéen am Enseignement Musical hir Diplomer vollwäerteg unerkannt kréien an domat déi Unerkennung kréien, déi se verdéngen. Dësen Asaz an dës Ausdauer hu sech schlussendlech bezuelt gemaach.

 

Zu gudder Lescht wëlle mir dann awer och Iech Merci soen, léif Chargéen! Dir hutt all déi Zäit als trei Memberen zou eis gehalen, hutt d’Hoffnung net opginn, och wann et heiansdo nach esou aussiichtslos geschéngt huet an hutt domat gewisen, datt een alles kann erreechen, wann ee geschlossen zesumme steet.

 

Nëmmen zesumme si mir staark an elo kënne mir all zesummen zefridden an d’Vakanz goen.

 

Mat ganz léiwe Gréiss,

 

De Comité vun der ACEN


Gewerkschaften a SYVICOL froe gemeinsam Reunioun mat Regierung!


No enger Rei Entrevuë mat de Ministère vum Interieur an der Educatioun, déi bis elo alles anescht wéi zefriddestellend verlaf sinn, hunn d’ACEN an d’FGFC sech den 3. Mee 2021 och mat Vertrieder vum SYVICOL getraff, fir iwwer hier Positioun am Dossier Enseignement Musical (EM) ze schwätzen.

An dëser Entrevue huet de SYVICOL absolut Verständnis fir d’Fuerderunge vun de Gewerkschafte gewisen. Donieft hunn d’Gemengevertrieder awer och festgestallt datt d’Käschten, déi op d’Gemenge mat dëse Fuerderunge géifen duerkommen, leider net ofzeschätze wieren. Déi zoustänneg Ministèren hätte bis elo keng kloer Positioun dozou geholl, a wéi wäit de Finanzement vum EM vum Staat iwwerholl, an domat d’Gemengen entlaascht kéinte ginn.

De SYVICOL an d’Gewerkschaften ACEN an FGFC hu sech dorop gëeenegt, eng gemeinsam Entrevue bei den zoustännege Ministere Bofferding a Meisch unzefroen, fir endlech Kloerheet an deem Dossier ze schafen.

Ausserdeem fuerdere si vun de Ministèren, datt endlech kloer Chifferen op den Dësch geluecht ginn, wat d’Ëmsetzung vun de Fuerderunge reell géif kaschten a wéi déi staatlech Bedeelegung géif ausgesinn. Nëmmen esou kann eng konstruktiv an transparent Verhandlung stattfannen.

D’Gewerkschaften ACEN an FGFC setze sech scho säit méi wéi engem Joer fir eng vollwäerteg Diplomunerkennung fir d’Chargéen am Enseignement Musical (EM) an. An der Gehälterreform vun 2017, gëtt de Chargé am EM am Gemenge Secteur duerchaus no deene selwechte Critèrë wéi all aner Employé aklasséiert, gëtt allerdéngs an deene respektive Karriäre jeeweils an en degradéierten Ënnergrupp gesat, dee ganz systematesch méi déif remuneréiert gëtt, wéi déi aner Ënnergruppen, an dat obwuel déi selwecht Diplomviraussetzunge gëllen.

Vertrieder vun ACEN an FGFC                                                                    Lëtzebuerg, den 3. Mee 2021


DÄIN DIPLOM GËTT NET VOLLWÄERTEG UNERKANNT – WIER DECH!

Léif Kolleeginnen a Kolleegen,

Virun der Ouschtervakanz haten d’ACEN an d’FGFC eng Entrevue mat de Ministere Bofferding a Meisch, fir iwwer eng vollwäerteg Diplomunerkennung fir d’Chargéen am Enseignement Musical (EM) ze diskutéieren an ze verhandelen.

Am Règlement Grand-Ducal vum 28. Juli 2017 (RGD 2017) gëtt de Chargé am EM duerchaus wéi all aner Employé no sengen Diplomer aklasséiert, kënnt awer an de Karriären A1 (Master), A2 (Bachelor) a B1 (Bac) an en degradéierten Ënnergrupp, dee systematesch méi déif remuneréiert gëtt, wéi all déi aner Ënnergruppen an deene respektive Karriären.

Trotz enger fachlech a kënschtleresch héichwäerteger Ausbildung, schéngen d’Diplomer am EM also als mannerwäerteg ugesinn ze ginn an de Chargé soll deemno als bëlleg Aarbechtskraaft hierhalen, fir e breetgefächerten a qualitativ héichwäertege Museksunterrecht an de Gemengen z’assuréieren.

An enger Fonction Publique, wou all anere Secteur gläichberechtegt no sengen Diplomer bezuelt gëtt, ass dës Situatioun net méi ze toleréieren an dofir fuerdere mir, datt d’Diplomer vun de Chargéen am EM endlech vollwäerteg unerkannt ginn.

Trotz widderhuelter Opfuerderung eisersäits, dësen Dossier net mat enger bevirstoender Reform vum Museksunterrechtsgesetz ze vermëschen, si mir an der Entrevue batter enttäuscht ginn.

Anstatt op eis Fuerderungen anzegoen, huet den Här Minister Meisch eis e kuerze Resumé doriwwer gemaach, wat eis mat der Reform vum Museksunterrechtsgestz fir d’Rentrée 2022/23 erwaart an huet eis notamment ze verstoe ginn, datt d’A1 Karriär an Zukunft just nach fir d’Proffen an d’Direktere reservéiert ass.

De Chargé respektiv den Enseignant am EM, wéi et dann ab September 2022 heescht, wéi och de “chargé de la direction“, solle maximal an enger A2 Karriär agestallt ginn.

Mir erënnere kuerz drun, datt eng ganz Rei Chargéen sech momentan an enger degradéierter A1/E3ter Karriär befannen an datt de Chargé am EM mat engem Master aktuell nach ëmmer an enger A1 Karriär agestallt gëtt.

Elo, wou mir d’Fuerderung no enger vollwäerteger A1/E6 Karriär fir den EM stellen, ass d’Äntwert vum Educatiounsministère déi, den Enseignanten an Zukunft iwwerhaapt net méi d’Méiglechkeet ze ginn,

an esou eng Karriär ze kommen. De Recrutement vun den Enseignanten am EM gëtt beim Bachelor an enger A2 Karriär gedeckelt an de Master gëtt mol net méi fir de Klassement unerkannt.

D’Argument vum Minister Meisch, datt et sech heibäi des Kéier awer ëmmerhin ëm eng, mir zitéieren, “richteg A2 Karriär“ géing handelen ass net nëmme wéineg befriddegend, mee just nach grotesk, well den Här Minister domat och nach indirekt zougëtt, datt d’Chargéen am EM aktuell tatsächlech an degradéierten a “falsche“ Karriären agestallt sinn a ginn.

Eis Revendicatioune wat de RGD 2017 betrëfft goufen also gekonnt ëmschëfft an d’Madamm Ministerin Bofferding huet leedeglech an Aussiicht gestallt, datt een déi Chargéen, déi momentan an engem B1/E2 oder engem A2/E3 agestallt sinn, bei der Reform mat géing upassen.

Den aktuellen A1/E3ter sollt awer net ugepasst ginn an hätt da just nach de Choix an senger degradéierter Karriär ze bleiwen oder sech selwer nach eng Kéier ze degradéiere fir an e “richtegen“ A2 ze wiesselen. Domat zementéiert de Ministère en plus eng A2 Karriär, déi iwwert enger A1 Karriär am selwechte Beruffsstand läit.

Dës Propos ass eng reegelrecht Farce an e Schlag an d’Gesiicht fir all Chargé, deen sech jorelaang op enger Héichschoul weidergebilt huet, fir d’Konditioune vun enger A1 Karriär ze erfëllen, déi dunn net richteg remuneréiert gouf an elo och nach gestrach soll ginn.

De Ministère argumentéiert, datt d’Gehälter duerch déi Moossname jo awer duerchaus ab September 2022 géifen an d’Luucht goen, léisst awer komplett ausser Uecht, datt d’Chargéen am EM säit 2017 falsch bezuelt ginn an datt en Deel vun de Leit trotzdeem op der Streck wäert bleiwen, wann d’A1 Karriär net ugepasst, respektiv gestrach gëtt. Fir d’Kolleeginnen a Kolleegen am B1/E2 an am A2/E3 kéint ee vun engem klenge Liichtbléck schwätzen, vun enger richteger Valoriséierung a vollwäerteger Diplomunerkennung fir all d’Chargéen kann awer keng Riets sinn, well d’Chargéë mat dëser Propos gespléckt ginn a eng Retroaktivitéit op 2017 ausgeschloss gëtt.

Et ass eng Mogelpackung, déi d’Ministeren eis wëlle verkafen. Wann ee bedenkt, datt déi musikalesch Grondausbildung mat der Reform gratis soll ginn, muss et engem sauer opstoussen. No bausse gëtt d’Wichtegkeet an eng Valorisatioun vum Museksunterrecht propagéiert an hannert de Kulisse sinn et schlussendlech d’Leit um Terrain, déi duerch eng Ofwäertung vun hirer Karriär d’Käschten dofir mussen droen.

An domat net genuch. Duerch d’Ofschafe vun der Masterkarriär fir d’Enseignanten am EM an der gläichzäiteger Aféierung vun engem Bachelor Studiegang fir Musek op der Uni Lëtzebuerg, wat un sech eng gutt Saach ass, wäerten awer ëmmer manner jonk lëtzebuergesch Museker d’Land verloosse fir sech musikalesch weiderzebilden. Et war allerdéngs ënner anerem genau dësen Ëmstand, datt eis jonk Museker an d’Ausland gaange sinn, dee bis elo de Garant fir eise qualitativ héichwäertege Museksunterrecht war. Mëttel- bis laangfristeg wäerte mir also an d’Situatioun kommen, datt d’Qualitéit vum Enseignement Musical lues a lues an zwangsleefeg wäert ofhuelen.

D’Gewerkschaften ACEN an FGFC si géint eng Reform, déi d’Qualitéit vum Enseignement Musical därmoossen op d’Spill setzt an déi d’Enseignanten dobäi och nach am Ree stoe léisst.

Eng vollwäerteg Diplomunerkennung fir d’Chargéen am EM ass fir eis net verhandelbar a mir wäerten eis weider dofir asetzen, datt den Enseignement Musical an d’Leit um Terrain déi Wäertschätzung an Unerkennung kréien, déi se verdéngt hunn.

Nëmmen zesumme si mir staark, 

D’Vertrieder vun ACEN an FGFC

INFOMAIL EM

Léif Kolleeginnen, léif Kolleegen,

 

De Grad E2, an deem eng Rei Chargéen am Enseignement Musical (EM) agestallt sinn, ass 2018 ëm 5 Echelone verlängert ginn an huet elo 20 Echelonen, mat engem Maximum vu 435 Punkten.

 

Leider hu mir misse feststellen, dass ganz vill Gemengen dës Ännerung fir den EM awer net applizéieren a weider d’Enn vun der Karriär beim 15. Echelon mat 352 Punkte stoe loossen.

Wéi mir héieren hunn, gëtt et anscheinend eng Aart Ofkommes tëschent enger Rei Gemengen, déi sech drop verstännegt hunn, déi 5 Echelone fir den EM net ze consideréieren, well domadder den E2 schlussendlech méi wäit géing goen, wéi den E3 an dat jo net gerecht wier.

 

Natierlech ass 2018 eng Ongerechtegkeet entstanen, mee et muss een déi ganz Saach aus der richteger Perspektiv kucken, fir déi wierklech Ongerechtegkeet ze verstoen.

Et ass nämlech esou, datt esouwuel déi Chargéen am E3, wéi och déi am E3ter, hir Diplomer nach ëmmer net vollwäerteg unerkannt kréien.

Den E2 ass duerch déi Ännerung vun 2018 momentan deen eenzege Grad, an deem den Diplom vum Chargé am EM vollwäerteg unerkannt gëtt an d’Ongerechtegkeet ass also net, wéi vun de Gemengen duergestallt, datt den E2 ze héich ass, mee datt den E3 eigentlech en E4 misst sinn an den E3ter zu engem E6 misst ginn.

 

Et si schonn eng Rei Chargéë mat deem Problem un eis erugetrueden a mir sinn am Gaang dat ganzt Ausmooss vun der Situatioun ënnert d’Lupp ze huelen. Verschidde Chargéë konnte mir esouguer schonn hëllefen, dat ze kréien, wat hinnen als E2 zousteet.

Och vum Inneministère hu mir mëttlerweil d’Confirmatioun kritt, datt den E2 vun 2018 och fir d’Chargéen am EM muss gëllen, zumindest wa se als Employé Communal agestallt sinn.

 

Datt den Tableau vun 2018 just fir den Employé an net fir de Salarié gëlle soll, ass fir eis allerdéngs net z’akzeptéieren. Dat bréngt nämlech mat sech, datt Chargéen am selwechte Beruff, mat der selwechter Qualifikatioun, mee jee no Statut, 83 Punkte Fin Carrière ausenee léichen.

De Chargé am EM, dee souwisou schonn als bëlleg Aarbechtskraaft muss hierhalen, gëtt also elo duerch d’Gehälterreform vun 2017 nach eng Kéier duerch d’Statute gespléckt an de Salarié gëtt domat definitiv zu engem Chargé zweeter Klass degradéiert.

 

Ausserdeem hu mir misse feststellen, datt vill Gemengen de Supplément d’Indemnité, deen am Règlement Grand-Ducal vum 15. Mee 2018 explizitt och fir den EM virgesinn ass, einfach net applizéieren.

Wann ee mat 55 Joer a mindestens 20 Joer Déngscht nach net bei sengem Endgehalt ukomm ass, ass e Supplément d’Indemnité virgesinn, mat deem een op d’Endgehalt gehuewe gëtt. Leider ass och dëse Virdeel bis elo just fir den Employé Communal reservéiert.

 

Mir si reegelrecht entsat iwwer all déi Ongerechtegkeeten, déi reegelméisseg optauchen an och vun eise Memberen un eis erugedroe ginn a mir fuerdere mat Nodrock eng vollwäerteg Diplomunerkennung, souwuel fir den Employé Communal, wéi och fir de Salarié am Enseignement Musical. 

 

Wann Dir also als Employé Communal am EM agestallt sidd an Zweifel hutt, ob Dir richteg bezuelt gitt, da mellt Iech w.e.g. onbedéngt bei eis ënner musek@acen.lu, fir datt mir Är Situatioun gemeinsam kënnen analyséieren.

Mir setzen eis natierlech weiderhin dofir an, datt och d’Salariéen am EM, déi schliisslech déi selwecht Ausbildungsviraussetzunge musse mat sech brénge wéi d’Employéen, vun dëse Konditioune wäerte profitéiere kënnen.

 

Dir kënnt dës Infromatioune gären u Kolleeginnen a Kolleege weiderginn, déi nach net Member bei der ACEN sinn, fir datt mir esou vill wéi méiglech Chargéen am Land kënnen erreechen. 

 

Mat léiwe Gréiss,

 

De Comité vun der ACEN


GEMEINSAME PRESSEMITTEILUNG

Bereits um den Jahreswechsel 2019/2020 haben die Gewerkschaften ACEN und die „Association du Personnel de l’Enseignement Musical - APEM“ der FGFC sowohl Unterrichtsminister Meisch als auch Innenministerin Bofferding auf eine Reihe von flagranten Ungerechtigkeiten bei der Diplomanerkennung bzw. der Gehälterstruktur in Bezug auf die „Chargés de cours“ im Musikunterricht hingewiesen, mit der Forderung, diese Ungerechtigkeiten endlich aus der Welt zu schaffen.

Am 1. Dezember 2020 fand nun ein erster offizieller digitaler Austausch mit Innenministerin Taina Bofferding statt. Hierbei haben ACEN und APEM-FGFC nochmal ihre gemeinsamen Forderungen unterstrichen:


Gemeinsame Mitteilung der ACEN und APEM-FGFC