Mee 2022

Léif Kolleeginnen a Kolleegen,

 

D’ACEN hat am Mee direkt zwou Entrevuen am Educatiounsministère. Nach virun der Summervakanz soll endlech en neit Gesetz fir d’Fonctionnarisatioun duerch d’Chamber goen, an dann d’Fonctionnarisatioun un den 2020 erneierte Fin de Stage ugepasst ginn.

D’Reform vun der Fonction Publique huet 2015 bekanntlech d’Méiglechkeet geschaf, fir datt Employéen no 15 Joer am Déngscht kënne Fonctionnaire ginn. D’Gesetz vun 2015 hält dobäi och fest, datt all Employé dofir de Fin de Stage absolvéiere muss. Bis elo hu just 13 Chargéen dësen Exame bis zum Enn a mat Succès gemaach. Dës Zuel ass alarméierend, a säit 2019 huet guer keng Fonctionnarisatioun stattfonnt.

Dat neit Gesetz bedeit, datt e Chargé, deen dësen Exame maache wëll, no de Sproochenexamen innerhalb vun engem Schouljoer de Fin de Stage maache muss, dëse besteet dann aus dem Legislatiounsexamen, der schrëftlecher Preparatioun vu 4 Unitéiten an enger Examensstonn virun engem Jury vun dräi Leit : dem Direkter, engem Codi an engem Proff. 

D’ACEN erwaart, datt den Educatiounsministère zukünfteg awer och eng Dispensméiglechkeet fir déi Chargéë fënnt, déi säit 2010 schonn en Legislatiounsexamen hu misse maachen. D’ACEN emfënnt et awer och ëmmer nach als eng mangelnd Valorisatioun vun de Beruffsjoren, datt d’Employéen also no 15 Joer Schoul halen ëmmer nach virun e Jury zitéiert ginn, dee préift, op si déi Aarbecht kënnen, déi si souwisou maachen. Dëst ass schliisslech bei soss kengem Employé de Fall.

Trotzdeem si mir berouegt, datt elo no bal 3 Joer endlech erëm e Gesetzestext d’Fonctionnarisatioun reegele wäert. Den IFEN wäert an dësem Kontext den 9. Juni um 17 Auer eng Informatiounsveranstaltung iwwert Teams ubidden, un der all interesséierte Chargé deelhuele kann.

All d’Kolleeginnen a Kolleegen, déi sech scho fir d’Fonctionnarisatioun gemellt haten, solle spéitstens bis Enn der nächster Woch endlech eng Bestätegung vum Ministère kréien. Wann dir iech also gemellt hutt, an Enn nächst Woch nach keng Reaktioun aus dem Ministère koum, da biede mir Iech, Är Demande nach eemol ze maachen!

All d’Kolleeginnen a Kolleegen, déi sech elo nach fir d‘ Fonctionnarisatioun am Schouljoer 2022/23 melle wëllen, sollen hir Demande per Voie hierarchique iwwert hiren Direkter bis de 15te Juni 2022 eraginn !

 

De Comité