SAVE THE DATE AG den 21. MÄERZ 2025 !
Stopp mat allen dubiéise Sonderreegelungen!
D’ACEN hat zesumme mam Landesverband an dem SEW eng Pressekonferenz fir op déi zum Deel ëmmer nach schwiereg Situatioune vu Chargéë mat CDD opmierksam ze maachen. Eng grouss Resonanz an der Press huet de Besoin ënnerstrach, datt et héich Zäit gëtt, datt ni méi iegendeng dubiéis „Sous-Groupe“, „Ausnam“ oder „Sonderreegelung“ fir den Enseignement méiglech däerf sinn.
Et war nach net eng Sonderreegelung dabäi, bei där d’Employéen am Enseignement net bei d‘Lisette gelooss goufen!
D’ACEN huet 2015 eng grouss Manif virun der Chamber géint d‘Reform vun der Fonction Publique organiséiert, well och dëst Gesetz deemools alt erëm d’Employéen, déi enseignéieren diskriminéiert huet, an och elo am Joer 2023 ginn dës Employéen nach ëmmer net vollwäerteg behandelt.
D’ACEN hëlt d’Politik awer elo endgülteg an d’Verantwortung, a wäert konsequent all d’Mëssstänn thematiséieren, bis eisen Enseignement endlech fair Carrièren a gerecht Aarbechtskonditiounen huet.
D’Fonctionnarisatioun ass an hirer aktueller Form alt erëm onwierdeg den Enseignantë géijeniwwer, déi säit iwwer 15 Joer Schoul halen. Eng Fonctionnarisatioun ass e Changement de Statut, et ass ebe kee Changement vun der Aarbecht ! Enseignantë mat 15 Joer Beruffserfarung ze behandelen ewéi Stagiairen ass eng inakzeptbabel Humiliatioun! Ouni Dispense fir d’Sproochenexamen, fir gemaache Legislatiounsexamen an och absolvéiert Stagestonnen, ass dës Fonctionnarisatioun alt erëm net akzeptabel.
Dovunner ofgesinn, erwaart d’ACEN eng Gläichbehandlung vun Employéë bei den Aarbechtskonditiounen. Mir hunn der Regierung d’Rechnung gemaach. E Chargé hält a senger Carrière 8 Joer gratis Schoul! 8 Joer u Coursë sinn et nämlech, déi de Chargé Fin Carrière méi gehalen huet ewéi de Fonctionnaire !
D’ACEN fuerdert dofir sämtlech Parteien op sech elo ze positionnéieren, mat wéi engem Recht et weider akzeptabel si soll, datt den Employé 8 Joer gratis schaffe soll! Dat ass eng Ausbeutung, déi elo ofgeschaf muss ginn. An d'ACEN wäert dëst mat alle gewerkschaftleche Mëttele konsequent fuerderen.
D’Politik kräischt, datt ëmmer méi Enseignantë feelen, an suergt mat hirer Recrutementspolitik selwer fir d’Mëssstänn. D’Employéen hunn eise Schoulsystem awer jorelaang um Lafe gehal. An der Erwuessenebildung an am Enseignement Musical sinn d’Chargéen de Reegelfall an och am Secondaire sinn et iwwert ¼ vun de Coursen, déi vu Chargéë gehal ginn.
D’ACEN fuerdert elo nach eemol vehement: Gläich Aarbecht = gläich Aarbechtskonditiounen!