Pressecommuniqué vum 25. Oktober

D’ACEN ass besuergt iwwert déi aktuell Infektiounszuele mam COVID19. Mir sinn awer och besuergt iwwer déi mangelnd Kommunikatioun vum Educatiounsministère an déi horrend Logikfeeler, déi aktuell produzéiert ginn.

D’Enseignanten, d’Schüler, d’Personal an de Schoulen an och d’Direktioune gi sech déihéchste Méi fir all d’Mesuren ëmzesetzen an anzehalen, an awer sinn och an de Schoulen d’Zuele massiv um Klammen. Et ass mat de villen Absencen a villen Isolatiounen absolut net evident de Schoulbetrib esou weider um Lafen ze halen.

An dësen Zäiten onnéideg an net zwéngend noutwenneg parascolaire Aktivitéite solltenageschränkt oder ofgesot ginn. Et kann net erwaart ginn, dass d’Schüler d’Mesure verstoesollen, wann dann esou Logikfeeler produzéiert ginn. « Bleift doheem » kollidéiert hei direkt mat dësen externen Interventiounen.

Et ass och net logesch ze vermëttelen, datt d’Schüler an der Schoul isoléiert musse ginn, aweram Schülertransport enk an de Bussen zesumme gequëtscht sinn.

Och déi stänneg Betounung, datt am Enseignement keng Infektiounskette festgestallt gi wieren, kréien e ganz fade Bäigeschmaach, wann een héiert ewéi den Tracing um Feld ofleeft, a wann ee bedenkt, bei wéi vill Infektiounen den Infektiounswee guer net kloergestallt ka ginn.

D’ACEN géing sech zudeem méi kloer Usoen aus dem Ministère wënschen, esou sollt deMinistère eng global Maskeflicht an de Klassesäll imposéieren, an net méi déi eenzel Schoulen decidéiere loossen.

Och ville Schüler ass d’Situatioun net méi geheier, a si Suerge sech de Virus mat heemzehuelen, wou si zum Deel mat vulnerabele Familljememberen zesumme liewen. Zudeem kommen och d’Schülervertrieder einfach guer net ze Wuert a ginn net gelauschtert.Och si mussen hei endlech an den Dialog agebonne ginn. Iwwerhaapt muss méi matenee geschwat an zesummen no Léisunge gesicht ginn.

Just mat staarkem Zesummenhalt tëscht Ministère, Schoulpersonal an de Schüler kann dës Kris iwwerstane ginn, mee dofir mussen och all Acteuren um Dialog deelhuele kënnen.

De Comité vun der ACEN