Een éischten Accord gouf fonnt

D’ACEN ass frou 16 Méint no hirer Grënnung een éischten Accord mam Minister Claude Meisch fonnt ze hunn, fir déi ze héich Tâche vun de Chargéen an engem Dräijoresplang erofzesetzen.

No all de Joer, an deene politesch d’Konditioune vun de Chargéë Schrëtt fir Schrëtt verschlechtert goufen, huet déi aktuell Regierung dës Mëssstänn unerkannt a setzt een éischt Zeechen, dës Mëssstänn elo opzeschaffen.

Déi aktuell Tâche vun 22+2 gëtt no an no op 21+1 ugepasst an duerno falen d’Koeffizienten ënnert 1 ewech:

- fir d’Rentrée 2016/2017: eng Schoulstonn fält ewech,

- fir d’Rentrée 2017/2018: den ACASP gëtt gestrach,

- fir d’Rentrée 2018/2019: nëmmen nach Koeffizient 1 fir d‘Chargéen.

Natierlech gesäit d’ACEN dësen Accord just als een éischte Schrëtt. Mir erwaarde weiderhin, datt Ufank 2016 bei de Salariatsverhandlungen tëschent der Regierung an der CGFP endlech eng onmëssverständlech Unerkennung vun den Diplomer fir all eis Memberen ëmgesat gëtt, déi bei der Reform vun der Fonction Publique verpasst gouf.

D’ACEN ass och frou annoncéieren ze kënnen, datt déi Chargéen, déi säit 15 Joer als Employé fir de Staat schaffen, elo d’Méiglechkeet kréien an de Statut vum Fonctionnaire ze kommen. Déi genee Modalitéite mussen nach ausgehandelt ginn.

No 1 ½ Joer kann d’ACEN also houfreg sinn, déi éischt däitlech Verbesserunge fir eis Memberen erreecht ze hunn. Trotzdem ass dëst just een éischte Schrëtt. Den nächste Schrëtt muss 2016 an de Salariatsverhandlunge kommen!