Den neie Stage fir d’Chargéen

De Chargé ass scho ganz laang keen « ongeléierten Ersatzprof » méi, ganz am Géigendeel, ass een Enséignement ouni d’Chargéë scho laang net méi méiglech. D’Chargéen hunn déi selwecht universitaire Diplomer ewéi en nominéierten Enseignant, den Ënnerscheed ass, datt de Chargé als Employé agestallt gouf, während de Prof de Comcours gepackt huet.

Och d’Chargéë musse säit der Reform vum ëffentlechen Déngscht dräi Joer Stage absolvéieren. Natierlech ass dëse Stage net ze vergläiche mat deem vun de Proffen, an awer hunn d’Chargéen also eng Stagezäit vun 3 Joer, musse Course besichen, Piècë schreiwen, e Legislatiounsexame maachen an och Examensstonnen absolvéieren.

D’ACEN begréisst, datt d’Chargéen als Stagiaire mëttlerweil eng besser Ausbildung kréien, an huet mam Educatiounsminister Claude Meisch och déi zwou Stonnen Decharge fir dëse Stage ausgehandelt. D’Chargéë musse vun der Stonnenzuel quasi d’Halschecht vum Stage vun eisen nominéierte Kolleegen absolvéieren.

Sollt de Chargé duerno de Proffeconcours maachen a packen, gëtt den neie Stage och bal komplett unerkannt, a just nach déi aner Halschecht muss absolvéiert ginn.

D’Chargéë sinn als Stagiaire leider och betraff vun der 80-80-90-Reegelung, déi 2015 mat der Reform vum ëffentlechen Déngscht agefouert gouf, a géint déi d’ACEN ënner anerem deemools och manifestéiert huet.