Meeschter an der Beruffsausbildung

D’ACEN begréisst déi Offensiv vum Ministère d’Handwierk erëm opwäerten ze wëllen. Et soll laut Aussoe vum Ministère erëm attraktiv sinn eng Léier ze maachen, an eng ofgeschlosse Beruffsausbildung soll de Betraffenen och erméigleche fir sou vill wéi méiglech weider Diplomer ze maachen. 

De Stellewäert vum Handwierk an och vun den Ausbildungen an eisem Schoulsystem vun handwierkleche Beruffer huet déi lescht Joerzéngte massiv gelidden, a krut och an eisen Aen ze wéineg Opmierksamkeet. D’ACEN ass dofir zefridden, datt hei nogebessert, an d’Beruffsausbildung verbessert soll ginn.

Wann awer de Ministère d’Meenung vertrëtt, dass d’Handwierk gestäerkt misst ginn, da muss och endlech bei de Chargéen, déi mat Meeschterprüfung an der Beruffsausbildung schaffen, eng besser Unerkennung vun hirem Handwierk ëmgesat ginn.  Hei besteet säit Joren e Manque op deen d’ACEN scho laang higewisen an och Nobesserunge gefuerdert huet.Dofir muss den Diplom vun der Meeschterprüfung am allgemengen endlech opgewäert ginn, fir datt d’Handwierk déi néideg Unerkennung kritt.