Kommunikatioun zum 1. Mee

Léif Kolleeginnen a Kolleegen,

 

Den Dag vun der Aarbecht, Dag vun den Aarbechterbeweegungen,  steet virun der Dier. An och just duerch den Zesummeschloss vun alle Chargéen an der ACEN ass d’Situatioun am Enseignement an de leschte 5 Joer kontinuéierlech besser ginn. Dofir bleift den 1. Mee och fir eis e wichtegen Dag.

D’ACEN begréisst d’Pläng vum Ministère endlech de Stage ze reforméieren. Eng Rei vu Problemer kënnen esou hoffentlech gekläert ginn, a vill jonk Kolleegen dierften dovunner profitéieren. Dat 1. Joer Stage wäert zukünfteg zoudeem fir Proffen a Chargéen identesch sinn, esou datt den Iwwergang vum Chargé zum Proff méi liicht soll ginn.

Dës Verännerungen am Stage hunn natierlech och Auswierkungen op d’Fonctionnarisatioun no de 15 Joer als Chargé. Och hei dierfte grondleeënd Verännerungen kommen, déi no der chaotescher Organisatioun vun dësem Joer awer och batter néideg sinn.

Ee vun eise wichtegste Punkten op eisem Agenda ass awer eng Revalorisatioun vun de Chargéë mat Meeschterprüfung. Hei muss dringend nogebessert ginn, an d’ACEN ass dowéint mat den zwee zoustännege Ministeren a Kontakt.

E weidere wichtege Punkt bleift awer och d’Upassung bei den Aarbechtsbedingungen. Gläich Aarbecht muss zu gläichen Aarbechtskonditioune gemaach ginn, an dat an all Beräich.

Denkt w.e.g. drun Är Cotisatioun fir 2019 ze begläichen, falls dir dat nach net gemaach sollt hunn. Am Unhang ass och d’Domiciliatioun, falls dir eis déi ausfëlle wéilt.

Zukünfteg kënnt dir als ACEN Member zoudeem eng vergënstegt Memberskaart bei der Air Rescue ufroen. Dofir musst Dir just dat Dokument am Unhang ausfëllen.

•        Individuelle Bäitrag pro Joer: 55€ (anstatt 65€)

•        Familienbäitrag pro Joer: 90€ (anstatt 115€)

Mir wënschen Iech e schéinen 1. Mee !

De Comité