September 2022

Léif Kolleeginnen, léif Kolleegen,

 

Mir sinn immens frou Iech matdeelen ze kënnen, datt de Projet de Loi iwwer d’Gehälter am Enseignement Musical de 5. August 2022 endlech deposéiert ginn ass. Wéi déi vollwäerteg Diplomunerkennung wäert ausgesinn, fir déi sech d’ACEN säit Oktober 2019 onermiddlech agesat huet, kënnt Dir also elo schwaarz op wäiss noliesen. D'Entwécklung vum ganze Projet kënnt Dir iwwer dëse Link matverfollgen an Iech de PDF eroflueden: https://legilux.public.lu/eli/etat/projet/pl/20220093

 

Interessant si virun allem d'Artikelen 107 an 108, wou genau beschriwwe gëtt, wéi de Reklassement op den 1. Januar 2023 fir all Karriäre funktionéiert. Et lount sech awer och dee ganze Projet duerchzeliesen. Aus der Erfahrung vun deene leschte Jore kënne mir Iech just un d’Häerz leeën, Iech esou gutt et geet iwwer Är Karriären z'informéieren, fir eventuell Problemer oder Ongeraimtheeten direkt ze erkennen an deementspriechend handelen ze kënnen.

 

 

Da nach e klengen Heads Up! wat d’Formatiounen ubelaangt. Dës kréien déi eng nei Wichtegkeet, well se fir den Avancement an der Karriär relevant ginn.

 

Wat heescht dat elo am Kloertext?

 

Am A1 an am A2 brauch een no 20 Joer Festustellung (de Service provisoire gëtt NET matgerechent) 30 Deeg Formatioun fir an de leschte Grad vun senger Karriär ze kommen.

 

Am B1 brauch een no 19 Joer Festustellung 12 Deeg Formatioun fir an den zweetleschte Grad an no 25 Joer Festustellung insgesamt 30 Deeg Formatioun fir an de leschte Grad vun senger Karriär ze kommen.

 

Den 1. Januar 2023 wieren dës nei Konditiounen am Prinzip scho beim Reklassement applizéiert ginn. Well déi nei Fuerderungen eiser Meenung no awer vill ze kuerzfristeg formuléiert a kommunizéiert goufen, ware mir domat net d'Accord an hu bei de Verhandlungen erreecht, datt déi betraffen Enseignanten beim Reklassement e Kredit vun 12 Deeg Formatioun kréien.

 

Fir de Reklassement vum A1/E3ter an den neien A1 a vum A2/E3 an den neien A2 heescht dat also, datt d'Enseignante mat 20 Joer Festustellung oder méi just 18 Deeg Formatioun mussen noweisen.

 

Fir de Reklassement vum B1/E2 an den neie B1 ass et dann esou, datt déi éischt Hürd vun 12 Deeg Formatioun no 19 Joer Festustellung quasi eliminéiert ass an d'Enseignante mat 25 Joer Festustellung oder méi, och just 18 Deeg Formatioun mussen noweise fir beim Reklassement an de leschte Grad ze kommen.

 

Wann een déi 18 Deeg Formatioun net huet gëtt een natierlech trotzdeem reklasséiert, gëtt awer ee Grad méi déif aklasséiert, wéi et no der Anciennetéit hir eigentlech üblech wier, bis een déi néideg Formatioune gemaach huet.

 

Mir roden Iech deemno dringendst den aktuelle Stand vun Äre Formatiounen ze kontrolléieren a wann néideg, feelend Formatiounen nozehuelen. Hei sinn 3 wichteg Schrëtt déi Dir kënnt ënnerhuelen:

 

1) Frot Iech um Commissariat à l’enseignement musical (cem@men.lu) e Relevé/Certificat vun Ären absolvéierte  Formatiounen un an reecht dee bei Ärem Personalbureau eran.

 

2) Wann Dir aner Formatiounen, Workshops oder Masterclassë gemaach hutt, déi mat Ärem Beruff ze dinn hunn an déi net vum Commissariat oder vum INAP organiséiert waren, da maacht eng Demande d’assimilation beim INAP fir déi Formatiounen unerkannt ze kréien. https://fonction-publique.public.lu/fr/formation-developpement/developpementcompetences/assimilationdispenses.html

 

3) Wann Dir op enger Gemeng schafft an Iech nach e puer Formatioune feelen, kënnt Dir Iech ouni Problem fir Formatiounen (och online!) vum INAP umellen, an dat esouwuel als Employé wéi och als Salarié! Hei ass de Link zum Katalog, wou Dir Iech mat Hëllef vun engem Formular fir eng Formatioun kënnt umellen. Dee Formular musst Dir vun engem Responsabelen aus Ärem Personalbureau ënnerschreiwe loossen. https://fonction-publique.public.lu/fr/formation-developpement/catalogue-formations/secteur-communal.html

 

 

Wann Dir nach weider Froen hutt zum Projet de Loi, zu de Formatiounen oder zu engem aneren Thema, dann zéckt net a mellt Iech gäre bei eis op folgender Adress: musek@acen.lu

 

 

Domat wënsche mir Iech weiderhin eng ganz schéin an erhuelsam Vakanz a soen Iech Merci fir Äert Vertrauen.

 

Mat ganz léiwe Gréiss,

 

 

De Comité vun der ACEN