Assemblée Générale 

Ewéi all A.s.b.l. huet natierlech och d’ACEN all Joer eng Assemblée Générale. Dës fënnt all Joer Enn vum Joer, an der Reegel am November statt.

D’ACEN ass dobäi besonnesch houfreg, datt säit der éischter AG de 14ten November 2014 all Joer immens vill Memberen op eis Assemblée komm sinn.

Dat éischt Joer war d’AG zu Bouneweg, a bal 250 Membere vun der ACEN hunn sech do versammelt fir sech Gehéier ze verschafen. De groussen Undrang am strubbelvolle Casino vum Landesverband huet gewisen, ewéi wichteg et war, datt endlech eng onofhängeg Gewerkschaft geschaf gouf fir de ville Chargéen ee Sproochrouer ze schafen.

Ee Joer méi spéit op der AG vun 2015 zu Walfer am Centre Prince Henri konnt d’ACEN dunn de Membere schonn déi éischt Erfolleger virstellen. No engem turbulente Joer mat Manif a Sozialwahlen, konnt een éischten Accord mat dem Educatiounsminister Claude Meisch virgestallt ginn.

Och bei der AG 2016 war den Undrang grouss, natierlech och well d’Verhandlungen zum Accord Salarial um lafe waren, op deen d’Chargéë laang vertréischt gi waren. 200 Memberen hu sech et net huele gelooss ze kommen.

Bei der AG 2017, de 24ten November waren erëm iwwer 150 Membere komm. Esou konnt d’ACEN nach all Joer houfreg sinn iwwert den héijen Undrang bei hirer AG.

D’AG ass dofir fir de Comité vun der ACEN och besonnesch wichteg, fir de Memberen d’Chance ze gi sech Gehéier ze verschafen, Froen ze stellen, matzebestëmmen an natierlech och een aktiven Austausch ënnert eis all ze erméiglechen.