Infomail AG

Léif Kolleeginnen a Kolleegen,

 

D’ACEN ass erfreet Iech matzedeelen, datt den neie Conseil d’Administration an och de Keesserapport unanime vun de Memberen ugeholl ginn ass. Domadder hu mir eis digital AG conform no de COVID-19-Gesetzer ofgeschloss, an hoffen Iech 2022 erëm op enger normaler AG begréissen ze däerfen.

 

D’ACEN géing Iech dann och bieden d’Cotisatioun fir d’Kalennerjoer 2021 ze bezuelen, oder eis nach eng Domiciliatioun auszestellen. D’Domiciliatiounen ginn dann och Ufank Mäerz agezunn.

 

ACEN a.s.b.l.

IBAN: LU30 0019 4355 6742 6000

BIC: BCEELULL

 

BETREFF : Cotisatioun 2021 + Numm + Schoul

 

An den nächste Woche wäert Dir dann och eng nei Memberkaart per Post erhalen. Dës ass net méi aus Pabeier, mee a Form vun enger Kreditkaart.

 

Am Anhang fannt Dir zousätzlech och nach eise leschte Pressecommuniqué. D’ACEN ass frou, datt d’Programmer op den Ofschlossklassen elo endlech ugepasst ginn, an d’Schüler an d’Enseignanten domadder Kloerheet hunn. D’ACEN hat dës Upassung als éischt Gewerkschaft beim Minister gefuerdert.

 

Och de Fokus op dat psychescht Wuel vun eise Schüler huet d’ACEN scho viru Wochen an de Reuniounen mam Minister gefuerdert, net ouni och kloerzestellen, datt och d’Chargéë méi héije Risken an enger méi héijer Belaaschtung ausgesat ginn, duerch déi onfair méi héich Aarbechtstâchen.

 

Maacht w.e.g. och Reklamm fir d’ACEN bei Äre jonke Kolleegen. All Member stäerkt eis an de Verhandlungen mat de Ministeren. Mat ronn 600 Memberen ass d’ACEN déi eenzeg national representativ Gewerkschaft fir d’Employéen a Salariéen am Enseignement.

 

Passt op Iech op a bleift gesond,

 

De Comité vun der ACEN