Kommunikatioun

D’ACEN ass frou an houfreg, datt no villen a laange Gespréicher 2018 endlech eng gutt Léisung fonnt ginn ass, fir de Chargéen hir Diplomer an och hir Anciennetéit unzëerkennen. 

20 Joer nodeem aus onlogesche Grënn d’Chargéen degradéiert gi waren, konnt duerch den Asaz vun der ACEN an der gudder Zesummenaarbecht mat den zwee Ministèren dës Ongerechtegkeet endlech ofgeschaaft ginn.

De Minister Dan Kersch an d’ACEN hu scho säit 2015 Gespréicher gefouert , an der Hoffnung eng  Léisung ze fanne fir déi bis elo ongerecht Behandlung vun de Chargéen ofzeschafen, an de Minister huet ëmmer signaliséiert, datt hien an d’Regierung sech de Problemer bewosst wieren.

Mam Accord Salarial gouf dank den Interventioune vun der ACEN scho vum Minister Dan Kersch festgehalen, datt d’Chargéen am E3ter an den E6, an d’Chargéen am E3 an den E4 ëmklasséiert géinge ginn. Ausserdeem goufen den E6 an och den E2 em 3 bzw. 5 Echelone verlängert.

No dem éischte Schrëtt vun der Reduzéierung vun der Tâche vun de Chargéen am Oktober 2015 duerch de Bildungsminister Claude Meisch, ass mat der Unerkennung vun den Diplomer duerch den Accord Salarial an de vum Minister Dan Kersch virgestallter Reegelung zu der Unerkennung vun der Anciennetéit dee wichtegen zweete Schrëtt virgestallt ginn.

Esou kréien d'Chargéen hir Anciennetéit, minus 1 Échelon, unerkannt wa si elo vum E3ter an den E6 bzw. vum E3 an den E4 wiesselen.

D’ACEN kann heibäi zréckblécken op ganz produktiv a fair Gespréicher an oppen Ouere bei den zwee zoustännege Ministeren Dan Kersch a Claude Meisch, déi zu all Moment probéiert hunn hei eng akzeptabel Léisung ze fannen.