Eenegung bei der vollwäerteger Diplomunerkennung fir d’Chargéen am Enseignement Musical

Léif Kolleeginnen, léif Kolleegen,

 

D’ACEN ass immens frou Iech matdeelen ze kënnen, datt et bei der Entrevue vum 15. Juli 2021 tëschent de Gewerkschaften ACEN an FGFC an de Ministeren Taina Bofferding a Claude Meisch, endlech zu enger Eenegung am Dossier vun der vollwäerteger Diplomunerkennung fir d’Chargéen am Enseignement Musical komm ass.

 

Am Kader vun der Reform vum Museksunterrechtsgesetz, déi am September 2022 wäert a Kraaft trieden, wäerten all d’Chargéen, déi bis dohi schonn en Service sinn, hir Diplomer vollwäerteg unerkannt kréien.


Déi momentan nach degradéiert Karriäre B1/E2, A2/E3 an A1/E3ter ginn den 1. Januar 2023 vollstänneg zu vollwäertege B1, A2 an A1 Karriäre revaloriséiert, wéi se och fir déi aner Servicer am ëffentlechen Déngscht gëllen. Domat gëtt eng grouss Ongerechtegkeet, déi 2017 bei der Gehälterreform vun de Gemengen entstanen ass, endlech aus der Welt geschaaft.

 

D’ACEN weist sech zefridden iwwer dës Eenegung a seet den zoustännege Ministere villmools Merci, datt si no laange Verhandlungen e weidere Schrëtt op eis duer komm si fir dësen Accord z’erméiglechen.

 

Säit Dezember 2019 huet d’ACEN sech onermiddlech dofir agesat, datt d’Chargéen am Enseignement Musical hir Diplomer vollwäerteg unerkannt kréien an domat déi Unerkennung kréien, déi se verdéngen. Dësen Asaz an dës Ausdauer hu sech schlussendlech bezuelt gemaach.

 

Zu gudder Lescht wëlle mir dann awer och Iech Merci soen, léif Chargéen! Dir hutt all déi Zäit als trei Memberen zou eis gehalen, hutt d’Hoffnung net opginn, och wann et heiansdo nach esou aussiichtslos geschéngt huet an hutt domat gewisen, datt een alles kann erreechen, wann ee geschlossen zesumme steet.

 

Nëmmen zesumme si mir staark an elo kënne mir all zesummen zefridden an d’Vakanz goen.

 

Mat ganz léiwe Gréiss,

 

De Comité vun der ACEN