Iegendwann geet et duer… gläich Aarbechtskonditiounen elo !

Iegendwann geet et duer… gläich Aarbechtskonditiounen elo !


D’Pandemie mécht ganz däitlech, datt d’Enseignanten enger Beruffsgrupp ugehéieren, déi dem Virus staark ausgesat sinn. Am stäerksten ausgesat sinn d’Chargéen, déi deels 1/3 méi Coursen halen mussen ewéi d’Fonctionnairen. Verschidde Kolleegen hunn esou Kontakt zu bis zu 150 Schüler a just engem Dag!

Dëst mécht endgülteg erëm däitlech, datt bei den Aarbechtskonditiounen dringend eppes geschéie muss. Just d’Chargéë mussen als Employé de l’Etat bis zu engem Drëttel méi schaffen ewéi de Fonctionnaire. Esou en Zoustand wier an all anere Ministère e Skandal, wann do d’Employéë 50 amplaz de 40 Stonne schaffe missten. Hei musse Léisunge fonnt ginn, et ass net un den Employéen ee Manque un Enseignanten dauerhaft mat Méiaarbecht kompenséieren ze mussen.

Säit Joerzéngten herrscht an de lëtzebuergesche Schoulen awer eng Zwouklassegesellschaft. Néierens beim Lëtzebuerger Stat ass den Ënnerscheed bei den Aarbechtskonditiounen esou dramatesch tëscht Fonctionnairen an Employéen.

Bei der Fonctionnarisatiounsméiglechkeet fir d’Chargéë läit elo scho säit zwee Joer kee Gesetzestext vir. D’ACEN ass net begeeschtert vun enger Fonctionnarisatioun, fir déi en Enseignant no 15 Joer am Déngscht 70 Stonne Formatioun brauche soll, fir d’Examensstonne packen ze kënnen. Dëst weist ewéi kënschtlech dës Examensstonnen tatsächlech oflafen, wa 15 Joer Beruffserfarung am Schoulhalen een net qualifizéieren fir ebe Schoulhalen ze sollen. Trotzdeem muss et hei endlech en Gesetzestext ginn.

D’Altersdechargë vun de Chargéen ass eng op Pabeier geschriwwe Ligen. Si existéiert de facto an der Praxis einfach guer net. D’Altersdecharge muss bei gläicher Aarbecht endlech och gläich gerechent ginn!

Dat éischt Joer vum Stage ass fir Proffen a Chargéen identesch. De Chargé ass also keen onqualifizéierte Proff, mee just en net fonctionnariséierten Enseignant! A grad vill jonk Kolleege fänken hir Enseignantscarrière als Chargé un. „Méi Jonker fir de Beruff vum Enseignant motivéieren“ funktionnéiert awer ebe just, wann de Beruff och endlech fair Konditioune fir jiddereen bitt.

Politesch Aussoe wéi „Staark Enseignanten fir staark Kanner“ erginn nëmmen dann ee Sënn, wann dann och um Feld endlech Léisunge gesicht a fonnt ginn. D’Politik wonnert sech, wisou et ëmmer méi schwiereg gëtt Enseignanten fir eis Schoulen ze rekrutéieren a mécht monter weider mat der Ausbeutung vun de villen diploméierten Enseignanten, déi schonn an de Schoule schaffen.

Dofir muss dës Zwouklassegesellschaft endlech komplett ënnerbonne ginn. Beim Lëtzebuerger Stat muss endlech fir jidderee gëllen:


Gläich Aarbecht a gläichen Diplom = gläich Aarbechtskonditiounen!