Wie si Mir?

D'ACEN setzt sech zanter Juni 2014 fir d’Rechter an d’Interessie vun de Chargées de cours, d’éducation, d’enseignement an de remplacement an. Sidd Dir Chargé(e) ?


Mat groussem Interessi hu mir de Start vun der neier Regierung verfollegt, de Koalitiounsvertrag gelies an eis mam Educatiounsminister Meisch ausgetosch iwwert d’Pläng vun der neier Regierung fir den Enseignement.

Leider hu mir och festgestallt, dass iwwert d’Personalplanung vun den Enseignanten näischt Konkretes am Koalitiounsvertrag ze fannen ass. Virun de Walen hate mir souwuel d’DP ewéi och d’CSV op d’Drénglechkeet higewisen, bei den Employéen déi bestoend Diskriminéierungen endlech ofzeschafen.

Eis Assemblée Générale maache mir de 15. Mäerz ab 19 Auer. D’Invitatioun kritt dir d’nächst Woch per Email. Mir wiere frou wa vill Leit aus dem Enseignement Musical, der Erwuessenebildung an de Lycéeë géinge kommen. 

D’ACEN wäert sech 2024 verstäerkt dofir asetzen, dass déi bestoend Diskriminatiounen endlech vun dëser Regierung ugepak musse ginn. 

D’Fonctionnarisatioun am Secondaire ass an hirer aktueller Form en Debakel an eng Humiliatioun vu Kolleegen, déi iwwert 15 Joer hir Aarbecht maachen. 

Och déi duerch feelend Altersdechargen a Koeffizienten 25% méi héich Tâche vum Chargé am Verglach zum Fonctionnaire muss vun der Politik ugepasst ginn. D‘ACEN akzeptéiert dës Ausbeutung  net méi, a verlaangt no de ville waarme Wierder - och vun DP an CSV - elo séier Léisungen. 

Souwuel den Educatiounsminister Meisch ewéi de Minister vum ëffentlechen Déngscht Wilmes stinn an engem demokratesche Land an der Flicht hiert Personal ze schützen, an Diskriminatiounen ze bekämpfen.

Sollt de politesche Wëllen net däitlech erkennbar ginn, wäert d’ACEN Plainte virun der EU-Kommissioun maache wénks Diskriminéierunge vun den Employéen an eisem Schoulsystem. Dës Plainte ass och scho fäerdeg ausgefëllt a wäert ouni Zeeche vu politeschem Wëlle vun der ACEN eragereecht ginn.

Am Enseignement Musical si mir zwar frou iwwert eis erkämpften Diplomunerkennung, sinn awer och erstaunt iwwert de Chaos de bei der Ëmsetzung elo um Terrain herrscht. Mir hunn all Hänn voll ze di fir déi ganz Rechnungen nozekontrolléieren.

Mir hoffe vill vun iech de 15. Mäerz op eiser AG ze gesinn, an do och e Patt mat iech drénken ze kënnen.

De Comité vun der ACEN


 NEWS  

GESETZ GESTËMMT!!!



It's done! D'ACEN war haut Live an der Chamber mat derbäi wéi d'Gesetz iwwer d'Gehälterreform am Enseignement musical à l'unanimité ugeholl ginn ass.

Op der leschter Ligne droite gouf all Ustrengung ënnerholl dëst Gesetz nach virun der Summerpaus duerch d'Chamber ze bréngen. Et gouf mat Héichdrock dru geschafft d'Texter esou schnell wéi méiglech z'adaptéieren an ze preparéieren a mir soen deenen zoustännege Ministeren Taina Bofferding a Claude Meisch, dem Commissaire Gilles Lacour an de Beamte vum Ministère de l'Intérieur a vum Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse villmools Merci fir hiren Asaz an déi gutt Zesummenaarbecht iwwer déi lescht Joren.

Mat dësem Gesetz, fir dat d'ACEN sech déi lescht knapp 4 Joer onermiddlech agesat huet, kënnt et endlech zu enger vollwäerteger Diplomunerkennung a wuel verdéngter Valoriséierung vun alle Musek's Enseignanten.

Mir soen allen eise Memberen e ganz grousse Merci fir hiert Vertrauen während all där Zäit a wënschen allen Enseignanten eng schéin an erhuelsam Vakanz.

Nëmmen zesumme si mir staark.



#vollwäertegdiplomunerkennung

#enseigmementmusical

#musiceducation

Photo by Max Staus



Den 12. Juli hat d’ACEN endlech eng Entrevue am Educatiounsministère. D’ACEN huet op déi vill Problemer bei der Fonctionnarisatioun higewisen, an dem Ministère däitlech gemaach, dass hei massiv nogebessert muss ginn. D’Fonctionnarisatioun ass e Changement de Statut, kee Changement vum Beruff !

Trotzdeem ännert och eng fir muncher méiglech Fonctionnarisatioun näischt dorunner, dass d‘Aarbechtskonditiounen, d’Altersdechargen an d’Coeffizente fir Employé a Fonctionnaire déi selwecht musse sinn. Selwecht Aarbecht = selwecht Aarbechtskonditiounen !


Mat an ouni Fonctionnarisatioun « gaga » !

« Fonctionnarisatiounskado »

D’ACEN weist sech enttäuscht, dass och beim zweete Versuch vun enger Fonctionnarisatioun an no iwwert dräi Joer Gebastels um dozou passende Gesetz vill Leit scho bei de Sproochentester eliminéiert goufen. Zudeem feelt et och weiderhin un néidegen Dispense fir d'Kolleeginnen a Kolleegen, déi z.B. de Legislatiounsexame schonn eemol gemaach a gepackt haten. Dëst ass net ze akzeptéieren!

Eng méiglech Fonctionnarisatioun no 15 Joer am Déngscht ass allerdéngs och kee Kaddo, mee eng am Gesetz vum ëffentlechen Déngscht verankert Obligatioun an eng iwwerfälleg Méiglechkeet Employéë fir annerhalleft Joerzéngt am Staatsdéngscht ze valoriséieren. Nieft enger voller Tâche déi néideg Formatiounen ze absolvéieren ass genau esou wéineg evident ewéi de Stress vun den Examen.

D’Fonctionnarisatioun an hirer aktueller Form ass awer eng Farce. Eng Valorisatioun vun de Schaffjoren fënnt net statt. D’Critère sinn onduerchsiichteg. D’Bewäertungscritèren an den Aarbechtsopwand onproportional. Ausserdeem entsprécht dës Fonctionnarisatioun esou och net den Ukënnegungen, déi d’ACEN am Juli 2022 gemaach krut.

« Gagastonnen » an Aarbechtsbelaaschtung

Virun allem ass eng theoretesch méiglech Fonctionnarisatioun awer ëmmer nach kee Recht dorobber d’Employéen an de Schoulen weider auszebeuten! Vill Kolleeginnen a Kolleege kënnen dës Examen eben net maachen.

Dat heescht dann awer net, dass d’Employéen an eise Schoulen net trotzdeem e Recht hunn uerdentlech behandelt ze ginn! Gläich Aarbecht heescht gläich Aarbechtskonditiounen. Dat seet europäescht Gesetz, an dat gëtt soss och am Staatsdéngscht esou praktizéiert, just – mol erëm (!) – net an eise Schoulen.

D’ACEN huet den zoustännege Ministeren de schockéierende Calcul gemaach. E Chargé am Secondaire huet duerch déi feelend Altersdechargen a Coeffizenten um Enn vu senger Carrière iwwert 8 Schouljoren (!) méi u Coursë gehalen, ewéi de Fonctionnaire. Dat sinn also 8 Joer gratis schaffen! An och an der Erwuessenebildung an an der Grondschoul mussen d’Chargéen ouni korrekt Altersdechargen etlech Stonne méi schaffen ewéi de Fonctionnaire.

Wärend d’Politik iwwert eng sënnvoll Senkung vun der Aarbechtsstonne pro Woch diskutéiert, mussen am Enseignement d’Employéen ouni logesch Begrënnung iwwert 1/4 méi Coursen halen ewéi d’Fonctionnairen, an dat bei – angeblech dach – manner gudder Qualifikatioun!

Fuerderung un all politesch Akteuren!

D’ACEN erwaart hei eng Positionéierung vun der Politik zu dëser bis elo toleréierter Ongläichbehandlung, a konfrontéiert d’Parteie mat der Tatsaach, dass d’Chargéë besonnesch Fin Carrière duerch dës iwwerdriwwen Aarbechtsbelaaschtung kierperlech a psychesch ausgebeut gi – an dat duerch de Staat selwer!

Wann den Employé am Alter vun 60 Joer quasi 8 Schouljoren méi u Coursen huet missen halen, dann ass eppes faul am System. All 5. Woch schafft de Chargé eng Woch gratis am Verglach zum Fonctionnaire! Fin Carrière waren dat dann iwwert 4000 Stonnen gratis Aarbecht! 

Wien dëse System weider toleréiert, den muss wierklech „gaga“ sinn. Et ass kee Wonner, dass den Enseignement ënnert akutem Personalmangel leidt. 30 Joer Ausbeutung hu genuch Leit verschreckt. Och déi desaströs Fonctionnarisatioun huet d’Onzefriddenheet nach eemol wuesse gelooss. 

D’Chargéë hunn de selwechte Studium ewéi de Fonctionnaire, ginn de Staat awer natierlech duerch déi iwwerdimensionéiert Tâche vill méi bëlleg. D‘Chargéen hunn eise Schoulsystem all déi Joren um Lafe gehalen, si sinn eng Stütz ouni déi eis Schoulen guer net méi funktionéieren kënnen.

D’ACEN muss leider feststellen, dass d’Regierung awer op déi real Problemer mat der Vurrelstrausstaktik reagéiert a keng Äntwerten a Reaktioune méi op Ufroe kommen. D’Faass ass awer elo voll. Mir hunn esouvill Argumenter, dass mir op Polemik verzichte kënnen. D’ACEN fuerdert awer elo Léisungen a wäert dës och aktiv afuerderen! Noutfalls och mat gewerkschaftlechen Aktiounen a juristesche Weeër.

De Comité vun der ACEN


Stopp mat allen dubiéise Sonderreegelungen!

 

D’ACEN hat zesumme mam Landesverband an dem SEW eng Pressekonferenz fir op déi zum Deel ëmmer nach schwiereg Situatioune vu Chargéë mat CDD opmierksam ze maachen. Eng grouss Resonanz an der Press huet de Besoin ënnerstrach, datt et héich Zäit gëtt, datt ni méi iegendeng dubiéis „Sous-Groupe“, „Ausnam“ oder „Sonderreegelung“ fir den Enseignement méiglech däerf sinn.

 

Et war nach net eng Sonderreegelung dabäi, bei där d’Employéen am Enseignement net bei d‘Lisette gelooss goufen!

 

D’ACEN huet 2015 eng grouss Manif virun der Chamber géint d‘Reform vun der Fonction Publique organiséiert, well och dëst Gesetz deemools alt erëm d’Employéen, déi enseignéieren diskriminéiert huet, an och elo am Joer 2023 ginn dës Employéen nach ëmmer net vollwäerteg behandelt. 

 

D’ACEN hëlt d’Politik awer elo endgülteg an d’Verantwortung, a wäert konsequent all d’Mëssstänn thematiséieren, bis eisen Enseignement endlech fair Carrièren a gerecht Aarbechtskonditiounen huet.

 

D’Fonctionnarisatioun ass an hirer aktueller Form alt erëm onwierdeg den Enseignantë géijeniwwer, déi säit iwwer 15 Joer Schoul halen. Eng Fonctionnarisatioun ass e Changement de Statut, et ass ebe kee Changement vun der Aarbecht ! Enseignantë mat 15 Joer Beruffserfarung ze behandelen ewéi Stagiairen ass eng inakzeptbabel Humiliatioun! Ouni Dispense fir d’Sproochenexamen, fir gemaache Legislatiounsexamen an och absolvéiert Stagestonnen, ass dës Fonctionnarisatioun alt erëm net akzeptabel.

 

Dovunner ofgesinn, erwaart d’ACEN eng Gläichbehandlung vun Employéë bei den Aarbechtskonditiounen. Mir hunn der Regierung d’Rechnung gemaach. E Chargé hält a senger Carrière 8 Joer gratis Schoul! 8 Joer u Coursë sinn et nämlech, déi de Chargé Fin Carrière méi gehalen huet ewéi de Fonctionnaire !

 

D’ACEN fuerdert dofir sämtlech Parteien op sech elo ze positionnéieren, mat wéi engem Recht et weider akzeptabel si soll, datt den Employé 8 Joer gratis schaffe soll! Dat ass eng Ausbeutung, déi elo ofgeschaf muss ginn. An d'ACEN wäert dëst mat alle gewerkschaftleche Mëttele konsequent fuerderen.

 

D’Politik kräischt, datt ëmmer méi Enseignantë feelen, an suergt mat hirer Recrutementspolitik selwer fir d’Mëssstänn. D’Employéen hunn eise Schoulsystem awer jorelaang um Lafe gehal. An der Erwuessenebildung an am Enseignement Musical sinn d’Chargéen de Reegelfall an och am Secondaire sinn et iwwert ¼ vun de Coursen, déi vu Chargéë gehal ginn.

 

D’ACEN fuerdert elo nach eemol vehement: Gläich Aarbecht = gläich Aarbechtskonditiounen!

 


Léif Kolleeginnen a Kolleegen,


Zanter September leeft d'Fonctionnarisatioun an hirem zweete Versuch, nodeem d'Reform vum ëffentlechen Déngscht säit 2015 esou eng Fonctionnarisatioun virgesinn huet, en éischten Oflaf 2019 awer en Debakel war an et 3 Joer gedauert huet, bis d'Regierung fäeg war d'Gesetzer unzepassen. Leider goufen och an dësem zweete Versuch vill Chancë verpasst, ënner Anerem eng  Dispense fir de Legislatiounsexamen.


De gréissten Débakel dës Kéier ass awer fir d'Kolleegen am E2, déi bei engem Reklassement an den E3 komme géingen, an domadder Gefor lafen am Fin Carrière manner Punkten ze hunn, ewéi als E2. Den E2 gouf bekanntlech 2018 dank dem Asaz vun der ACEN em 5 Echelone verlängert, an ass domadder am leschten Echelon méi héich ewéi den E3, den also zumindest och dringend verlängert misst ginn. An eisen Ae wier e Reklassement am E3ter souwisou déi richteg Léisung. D'ACEN huet de Ministère schonn am Summer op dëse Logikfeeler higewisen, allerdéngs ëmmer nach ouni Léisung hierersäits.

Natierlech kann all Member vun der ACEN och no der Fonctionnarisatioun Member bleiwen! Mir wënschen eis esouguer, dass d'Kolleeginnen a Kolleegen, déi dës Fonctionnarisatiun packen, trotzdeem ACEN-Member bleiwen.


D’ACEN kämpft awer och weiderhi fir fair Altersdechargen a Coeffizenter fir d'Chargéen, an huet der Regierung nach eemol detailléiert mat op de Wee ginn, ewéi extrem vill méi héich den Aarbechtspensum vun de Chargéen ass, an dass d’ACEN dës kierperlech a psychologesch Méibelaaschtung fir d’Chargéen net akzeptéiere kann. Wann d’Fonctionnairë Fin Carrière bis zu engem Drëttel manner Coursen hale mussen, ewéi den Employé, da weist dat op e massive strukturelle Problem hin. Bei 1 zu 1 gläicher Aarbecht mussen och 1 zu 1 déi gläich Aarbechtskonditioune gëllen.


D’ACEN huet an de leschte Jore schonn op ganz vill Mëssstänn higewisen, a gehollef dës zu engem Deel opzeraumen. Elo ass et awer un der Politik am Enseignement endlech fair Konditiounen ze schafen, am Plaz bei wierklech all Geleeënheet erëm eng Zwouklassegesellschaft ze zementéieren. Néierens beim Staat gëtt mat de Karriären esou gewurschtelt ewéi bei den Employéen an eise Schoulen. Egal op Lycée, Erwuessenebildung, Enseignement Musical oder Grondschoul, et kann net sinn, dass d'Employéen ëmmer bei d'Lisette gelooss ginn.


De Comité vun der ACEN