ENTREVUE MAM MINISTER MARC HANSEN 

De 25te Juli war eng Delegatioun vun der ACEN beim Minister vum ëffentlechen Déngscht fir iwwert e puer wichteg Sujeten ze schwätzen. D’ACEN huet dem Minister erkläert, datt mir eng séier Opbesserung fir eis Chargé-Kolleege mat Meeschterbréif fuerderen.

Souwuel den Educatiounsminister Claude Meisch ewéi och de Mëttelstandsminister Lex Delles hu kierzlech betount, datt d’Handwierk erëm opgewäert sollt ginn. D’ACEN stëmmt dëse Fuerderungen absolut zou a fuerdert dofir och eng besser Unerkennung vum Meeschterbréif.

Soulaang bei den Enseignanten an den Atelieren, déi jo déi zukünfteg Handwierker ausbilden, gespuert gëtt, esou laang ass och eng besser Unerkennung vum Handwierk an der Gesellschaft net méiglech.

An dësem Kontext huet d’ACEN de Minister och dorunner erënnert, datt mir als Gewerkschaft scho säit 5 Joer fuerderen, datt d’Zesummesetzung vun der Staatsbeamtekummer endlech de Realitéite misst ugepasst ginn. Leider huet d’Staatsbeamtekummer, an där d‘CGFP eng grouss Majoritéit huet, déi lescht Jore keng Propose gemaach, fir d’Chambre des Fonctionnaires endlech unzepassen, esou datt d’Sëtzverdeelung hei ëmmer nach op en iwwer 50 Joer aalt Gesetz zeréckgeet.

Wier d’Sëtzverdeelung awer de Realitéite vun 2019 ugepasst, dann hätt d’ACEN scho bei de leschte Sozialwahlen 1 Sëtz misste kréien.

Donieft konnt d'ACEN dem Minister och d'Suerge beim Asaz vun de CDD am Enseignement nodroen. De Minister Marc Hansen war ganz oppe fir d’Fuerderunge vun der ACEN an d’Gespréicher sollen am Hiescht weidergefouert ginn.